Wéi gesäit déi finanziell Ënnerstëtzung vum ländleche Raum aus ?

De Staat kann de d’Entwécklung vum ländlech Raum iwwert verschidde Weeër ënnerstëtzen. Engersäits gëtt et de Fonds d’orientation économique et sociale pour l’agriculture (FOESA), anersäits ginn et d’LEADER-Projeten. Den DP-Deputéierten André Bauler huet festgestallt, datt wéineg Projeten iwwert de Fonds ënnerstëtzt gi, woubäi d’LEADER-Projete méi finanziell Ënnerstëtzung an Usproch huelen. Den Nord-Deputéierten huet beim zoustännege Minister nogefrot firwat dat esou ass a wéi hien an Zukunft wëll sécherstellen, datt déi disponibel Moyen fir de ländleche Raum ze ënnerstëtzen och an Usproch geholl ginn.

« 76 communes luxembourgeoises sont qualifiées de « communes en milieu rural ». Elles représentent quelque 82% du territoire national. Des aides étatiques et communautaires contribuent à accompagner le développement de ces communes campagnardes dans le but d’accroître la qualité de vie de leurs habitants et la diversité de leur tissu économique.

Ainsi, le Fonds d’orientation économique et sociale pour l’agriculture (FOESA) disposait d’une enveloppe budgétaire d’aide nationale de 16.120.000 € pour la période 2014 – 2020. A côté de ce régime d’aide, le programme LEADER disposait d’un budget public de 11.410.000 € pour cette même période. Tandis que 1.093.682,26 € ont été dépensés en date du 1er mars 2019  dans le cadre du régime d’aide FOESA, l’engagement financier pour des projets LEADER s’élevait le 31 décembre 2018 à 8.576.998,25€.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

  1. Quel est le total des dépenses dans le cadre du FOESA effectués jusqu’à cette date ?
  2. Quelles sont, selon Monsieur le Ministre, les raisons pour lesquelles le budget du FOESA n’a pas été sollicité davantage lors de la période 2014-2020 ?
  3. Par quels moyens les concernés sont-ils informés sur la possibilité d’un cofinancement par le FOESA ? Vu que presque 15 millions d’euros, destinés à améliorer la qualité de vie en milieu rural et à diversifier l’économie rurale, n’ont pas été utilisés, ne devrait-on pas sensibiliser davantage le public cible aux moyens disponibles pour des projets poursuivant les objectifs visés ?
  4. Est-ce que le ministère de l’Intérieur, les communes ou le Syvicol pourraient tout particulièrement aider à sensibiliser davantage en ce qui concerne le recours aux moyens proposés par le FOESA ?
  5. Les points de contact des entreprises (guichet PME, House of Entrepreneurship) sont-ils au courant des possibilités du FOESA et promeuvent-ils leur utilisation ?
  6. Le FOESA existera-t-il sous sa forme actuelle durant la période suivante ?
  7. Dans l’affirmative, par quels moyens Monsieur le Ministre veillera-t-il à assurer que davantage de moyens financiers de ce Fonds soient utilisés ?
  8. Dans la négative, par quel nouveau régime d’aide le milieu rural domestique sera-t-il soutenu ?
  9. Quel est l’engagement financier étatique relatif au programme LEADER réalisé jusqu’à ce jour ?
  10. Vu que 77% du budget disponible pour des projets LEADER avaient été alloués jusqu’à la fin de l’année 2018, comment Monsieur le Ministre s’explique-t-il que l’intérêt pour des projets LEADER soit considérablement plus grand que pour les projets pouvant être cofinancés grâce au FOESA ?
  11. Quels sont les projets qui seront encore cofinancés avant la fin de la législature actuelle ?
  12. Quelle est la position de Monsieur le Ministre concernant la création d’un Observatoire du Développement rural tel que celui instauré en France ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...