Blo Luucht

Wéi gëtt d’Sécherheet vun der Mierscher Strooss zu Bissen garantéiert?

Op der Mierscher Strooss zu Bissen ass et den 2. Mee zu engem Camionsaccident komm, op enger Streck, déi fir Camione gespaart ass. D’Deputéiert André Bauler a Corinne Cahen hu beim zoustännege Minister nogefrot, wéi eng Sécherheetsmesurë geholl goufen, respektiv geholl wäerte ginn.

E Camion ass den 2. Mee d’Mierscher Strooss zu Bissen erofgefuer a konnt aus ongekläerte Grënn net méi bremsen. En ass dunn duerch e Parking ënnen am Duerf duerchgefuer a widdert eng Mauer gerannt. Op deem Parking stoung just niewendrun e Schoulbus voller Kanner aus dem Cycle 3. De Camion war net méi wéi e Meter laanscht de Bus mat voller Vitesse gefuer. Niewent dem Bus steet och d’Maison relais, wou de Precoce an de Cycle 1 ënnerbruecht sinn. De Camion hätt och an dëst Gebai knuppe kënnen. Wéi duerch ee Wonner waren um Parking dee Moment keng Kanner oder Elteren. 

D’Strooss, duerch déi dëse Camion gefuer ass, ass säit 20 Joer fir Camione gespaart, well et sech ëm eng Steigung vun iwwer 10 Prozent op där Plaz handelt. Trotzdeem fuere vill Camionen awer déi Streck a Richtung vun engem Industriebetrib, entweeder wëll se d’Panneauen net gesinn hunn oder well se den Ëmwee net wëllen huelen.

An deem Kader wollte mir dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

1. Wéi dacks huet d’Police an de leschten dräi Joer Kontrollen op dëser Plaz gemaach a wéi vill Camione goufe protokolléiert?

2. Huet d’Police wëlles fir no dësem rezente Virfall an de kommende Woche verstäerkt Kontrollen duerchzeféieren?

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...