Wéi huet sech de First Responder am CGDIS bewäert?

De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d'Zentral weiderzegi bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. An deem Sënn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot wéi sech de First Responder an de lëschten zwee Joer am CGDIS bewäert huet.

„Wann et ëm Liewen an Dout geet, zielt all Sekonn. De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d’Zentral weiderzeginn bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. Gutt 2 Joer no der Reform vum Rettungswiesen, ass et interessant ze wëssen, wéi de First Responder sech am CGDIS bewäert huet.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Inneminister folgend Froe stellen:

  • Wéi dacks an a wéi enge Fäll ass de First Responder zum Asaz komm? Ginn et konkret Informatioune wéi dacks Reanimatiounen duerchgefouert gi sinn?
  • A wéi ville Gemenge gëtt et e First Responder-System? Wéi huet sech dës Zuel déi lëscht Joren iwwer entwéckelt? Soll de System weider uechtert d‘Land ausgebaut ginn?
  • Huet d’Madamm Inneminister Informatiounen, wéi vill Pompjeeën den Ament als First Responder aktiv sinn? Wéi huet sech dës Zuel zanter der Aféierung vum System entwéckelt?
  • Kann d’Madamm Inneminister soen, ob konkret Mesure geplangt sinn, fir d’Pompjeeën z’encouragéieren, fir First Responder ze ginn?
  • Wéi eng Formatioun brauch een als First Responder?
  • Ass d’Madamm Inneminister der Meenung, dass et sënnvoll wier, déi medezinesch Kompetenzen iwwert d’Geste vun der 1. Hëllef eraus z‘erweideren?
  • Ass d’Madamm Inneminister och der Meenung, dass et wichteg wier, de First Responderen den Asaz vu Sauerstoff z‘erlaben? Wa jo, gëtt dru geduecht, fir d’Sauerstoff- Zouféierung an d’Grondausbildung vum First Responder z‘integréieren?
  • Kann d’Madamm Inneminister confirméieren, dass haaptberufflech Pompjeeë mat enger SAP2-Ausbildung oder Medezinner de Patiente just wärend hirer Aarbecht Sauerstoff däerfen zouféieren an dat deemno an hirer Fräizäit als First Responder net dierfen? Wa jo, denkt d’Madamm Inneminister drun, fir hei am Sënn vu de Patienten nozebesseren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Pediatrie zu Lëtzebuerg

Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen wéi vill Personal an der Pediatrie schafft, an ob eventuell weider Servicer fir de Norden an den Osten ugebuede sollte ginn.

weiderliesen...

Wou ass de Groupe de Support Psychologique am Asaz ?

Als Deel vum CGDIS kënnt de Groupe de Support Psychologique bei Accidenter, Katastrophen oder aneren Tëschefäll an den Asaz. Wou sinn déi fräiwëlleg Ekippe rezent agesat ginn, wéi steet et em hiren Effectif an huet d’Corona Kris d’Situatioun am Land och fir si verschäerft. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...