Wéi huet sech de First Responder am CGDIS bewäert?

De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d'Zentral weiderzegi bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. An deem Sënn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot wéi sech de First Responder an de lëschten zwee Joer am CGDIS bewäert huet.

„Wann et ëm Liewen an Dout geet, zielt all Sekonn. De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d’Zentral weiderzeginn bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. Gutt 2 Joer no der Reform vum Rettungswiesen, ass et interessant ze wëssen, wéi de First Responder sech am CGDIS bewäert huet.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Inneminister folgend Froe stellen:

  • Wéi dacks an a wéi enge Fäll ass de First Responder zum Asaz komm? Ginn et konkret Informatioune wéi dacks Reanimatiounen duerchgefouert gi sinn?
  • A wéi ville Gemenge gëtt et e First Responder-System? Wéi huet sech dës Zuel déi lëscht Joren iwwer entwéckelt? Soll de System weider uechtert d‘Land ausgebaut ginn?
  • Huet d’Madamm Inneminister Informatiounen, wéi vill Pompjeeën den Ament als First Responder aktiv sinn? Wéi huet sech dës Zuel zanter der Aféierung vum System entwéckelt?
  • Kann d’Madamm Inneminister soen, ob konkret Mesure geplangt sinn, fir d’Pompjeeën z’encouragéieren, fir First Responder ze ginn?
  • Wéi eng Formatioun brauch een als First Responder?
  • Ass d’Madamm Inneminister der Meenung, dass et sënnvoll wier, déi medezinesch Kompetenzen iwwert d’Geste vun der 1. Hëllef eraus z‘erweideren?
  • Ass d’Madamm Inneminister och der Meenung, dass et wichteg wier, de First Responderen den Asaz vu Sauerstoff z‘erlaben? Wa jo, gëtt dru geduecht, fir d’Sauerstoff- Zouféierung an d’Grondausbildung vum First Responder z‘integréieren?
  • Kann d’Madamm Inneminister confirméieren, dass haaptberufflech Pompjeeë mat enger SAP2-Ausbildung oder Medezinner de Patiente just wärend hirer Aarbecht Sauerstoff däerfen zouféieren an dat deemno an hirer Fräizäit als First Responder net dierfen? Wa jo, denkt d’Madamm Inneminister drun, fir hei am Sënn vu de Patienten nozebesseren?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...