Wéi huet sech den Télétravail an de leschten zwee Joer op den Trafic ausgewierkt?

Lisst sech en Impakt vum Télétravail op den Trafic op Basis vun Zielunge feststellen? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.

„Nodeems verstäerkt den Télétravail wärend der Kris agefouert gi war an och elo nach etlech Leit dovunner profitéieren, kéint een zäit- a plazeweis den Androck gewannen, datt et zu manner laange Staue kënnt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dësen Androck op Basis vun Zielunge confirméieren?
  • Wéi huet sech d’Verkéiersopkommes generell an speziell op eisen Autobunnen an der Period 2020-2022 am Verglach zur Period 2018-2020 entwéckelt?“

Äntwert

Kann den Här Minister dësen Androck op Basis vun Zielunge confirméieren?

Am Ufank vun der Pandemie war en kloren Abroch am deegleche Verkéier ze erkennen, deen sech awer relativ séier op 80-90 % vum Verkéiersopkommes vu virun der Pandemie stabiliséiert huet.

Haut sinn déi meeschten Dageswäerter vun de permanenten an automatesche Verkéierszäler um Autobunnsreseau erëm quasi op dem Verkéiersniveau wéi virun der Pandemie an zum Deel sinn och méi héich Spëtzen ze erkennen. D’Variatioune sinn natierlech saisonal bedéngt ze betruechten.

D’Dagesbild vum Verkéiersopkommes op den Haaptachsen ass generell awer méi diffus ginn an et stiechen och d’Spezialdeeg (z.B. Freidegowesspëtzt) net méi esou eraus.

Wéi huet sech d’Verkéiersopkommes generell an speziell op eisen Autobunnen an der Period 2020-2022 am Verglach zur Period 2018-2022 entwéckelt?

An der Period 2018-2020 hunn mir eng liicht Augmentatioun vum Verkéiersopkommes festgestallt. Am Ufank vun der Pandemie ass d’Verkéiersopkommes um Autobunnsreseau generell an zäitweis ëm bis zu 80 % gefall. Op d’Gesamtjoer 2020 gekuckt, stellt een awer fest, datt sech d‘Verkéiersopkommes op ronn 80% vum deegleche Verkéier deen an de Joren 2018/2019 gezielt gouf, agependelt huet.

Am Joer 2021 ass d’Verkéiersopkommes rëm gréisstendeels un den Niveau vun 2019 erukomm. Fir 2022 weist sech ee weidere liichte Zouwuess vum Verkéier.

Déi aktuell Zuelen sinn och um Site https://travaux.public.lu/fr/infos-trafic/comptage.html ersiichtlech.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...