Wéi reagéiert de Bausecteur op déi global Hausse vun den Holzpräisser?

Déi laang Liwwerzäiten fir Holz an Holzfaserplacken a besonnesch déi weltwäit Präishausse vun där Matière Première suergen den Ament fir vill Kappzerbrieches ënnert gewëssene Konsumenten a Betriber. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister nogefrot, wéi déi Lëtzebuerger Baubranche mat der aktueller Situatioun ëmgeet.

„D‘Präisser fir verschidden Zorte vun Holz sinn zënter enger gewëssener Zäit staark am gaangen ze klammen. Zu Lëtzebuerg ginn et eng sëllege Firmen, déi mat där Matière Première schaffen an vun de globale Präishaussen staark betraff sinn.

Virun deem Hannergrond wollt ech dem Här Wirtschaftsminister folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Wirtschaftsminister de Wuesstem vun den Holzpräisser tëscht 2018 an haut retracéieren, andeems tëscht deene verschiddene Etappen an der Wäertschöpfungsketten ënnerscheet gëtt (Präisser, déi Bëschbesëtzer, Seeëreien, Schräinereien a Charpentieren, Holzhändler, etc., bezuelt kréien)? Wat wiere méiglech Ursaache fir dës Entwécklung?
  • Kann den Här Minister aschätzen, wéi sech dës Hausse op d’Präisser an eiser Baubranche auswierkt oder schonn ausgewierkt huet?
  • Ass den Här Minister a Kontakt mam Secteur? Wat ass de Feedback, deen den Här Minister vun de betraffene Betriber zur aktueller Situatioun kritt?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...