Iwwerschwemmunge Hëllef Betriber

Wéi séier kann de Betriber, déi ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn, gehollef ginn?

Vill Geschäfter, Hoteller, Restauranten, Caféen a Campingen, déi scho staark ënnert dem Confinement gelidden hunn, hunn elo enorme Schued duerch d’Iwwerschwemmungen erlidden. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, ob dës Entreprisen Avance kéinten ausbezuelt kréien a wéi séier si mat enger Hëllef kënne rechnen.

« De nombreux commerces et entreprises du secteur de l’HORECA et des campings (Camprilux) ont subi de grands dommages suite aux inondations du 14 juillet 2021. Maintes commerces, hôtels, restaurants, cafés et campings, qui ont déjà été gravement impactés par les fermetures liées à la lutte contre la pandémie du Covid-19, n’ont plus de réserves financières et nécessitent une aide pour faire face aux dégâts subis.

Le gouvernement y a réagi en débloquant une enveloppe de 50 millions d’euros, destinée, entre autres, à remédier aux dommages causés aux entreprises disposant d’une autorisation d’établissement.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Classes moyennes :

  • Quelles sont les modalités pour demander une aide financière ?
  • Est-il prévu de verser des avances pour faire face au manque de trésorerie des entreprises concernées ?
  • Dans quel délai les entreprises sinistrées peuvent espérer recevoir l’aide demandée ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Verschlechtert sech déi neurochirurgesch Prise en charge vun de Patienten zu Lëtzebuerg ?

Rezent gouf d’Nomenclature fir neurochirurgesch Akten geännert, esou datt intrakranial Agrëff just nach am CHL, an net méi an den HRS, rembourséiert ginn. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, ob dës Ännerung net zu enger Verschlechterung vun der Prise en charge vun de Patiente féiert, an ob de Minister net gewëllt wier dës Ännerung nach eng Kéier iwwerpréiwen ze loossen.

weiderliesen...