Wéi soll den Ausbau vun der Wandenergie beschleunegt ginn?

D'Regierung hat am leschten Hierscht ugekënnegt, d'Prozeduren ze vereinfache fir den Ausbau vun den erneierbaren Energien, a speziell de Wandanlagen, ze beschleunegen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, wéi dëst geschéie soll.

„Den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass eng vun de Prioritéite vun der Regierung am Kampf géint de Klimawandel. Allerdéngs féiere laang Geneemegungsprozeduren dozou, dass den Ausbau, besonnesch bei der Wandenergie, nëmme lues virukënnt.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Wat war iwwer déi lescht fënnef Joer déi duerchschnëttlech Dauer vun de Geneemegungsprozedure fir eng Wandanlag?
  • Wéi wëll d’Regierung d’Prozedure beschleunegen, fir dass méi séier méi Wandanlage gebaut kënne ginn?
  • Ginn et Estimatioune vu Säite vum Energieministère, wéi grouss de Potenzial zu Lëtzebuerg ass, fir weider Wandanlagen ze bauen?
  • Wéi vill méi al Wandanlage sollen an den nächste Joer duerch méi nei Modeller ersat ginn? Wéi vill Energie kéint doduerch zousätzlech produzéiert ginn?“

Äntwert

  1. Wat war iwwer déi lescht fënnef Joer déi duerchschnëttlech Dauer vun de Geneemegungsprozedure fir eng Wandanlag?

Ech verweisen hei op d’Äntwert op d‘parlamentarescher Fro n°6412 vum éirewäerten Députéierten Jean-Paul Schaaf.

  • Wéi wëll d’Regierung d’Prozedure beschleunegen, fir dass méi séier méi Wandanlage gebaut kënne ginn?

D’Ministere sinn a reegelméissegem a gudden Echange mat anere Ministèren a Verwaltungen, fir d’Prozeduren ze vereinfachen. De Plang REPowerEU, deen déi europäesch Kommissioun den 18. Mee 2022 virgestallt huet, an deen, ënnert anerem, ee méi séieren Ausbau vun den erneierbaren Energië virgesäit, beinhalt ebenfalls Recommandatioune fir d‘Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen an ze beschleunegen.

Konkret Texter ginn am Moment grad zu Bréissel diskutéiert an den Energieminister kuckt da mat deenen anere Regierungskolleege fir déi Mesuren sou schnell wéi méiglech hei zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.

  • Ginn et Estimatioune vu Säite vum Energieministère, wéi grouss de Potenzial zu Lëtzebuerg ass, fir weider Wandanlagen ze bauen?

Laut dem Rapport vum ILR “chiffres clés du marché de l’électricité – 2021” vum 16. Juni 2022 waren am Joer 2021 62 Wandanlagen a Betrib an hunn 314 GWh Stroum produzéiert.

Laut Informatioune vun der Soler solle bis Enn des Jores op 4 verschidde Sitten nach 7 Wandanlagen un d’Netz goen. Op 3 vun deene 4 Sitten, ginn al Anlagen ersat. Am Ganze sollen 13 Wandanlagen ofgebaut ginn. Déi nei Wandanlagen hunn eng méi héich Leeschtung, sou dass insgesamt eng 10 MW installéiert Leeschtung, ënnert dem Stréch, dobäikommen. Bis Enn 2023 sinn dann nach eng 10 Wandanlage geplangt. Fir 2024 sinn 8 Projete mat 23 Wandanlagen a fir 2025 si 6 Projete mat 17 Wandanlage geplangt. Weider Wandparke vu méi klengen Entwéckler kënnen och nach dobäi kommen.

Alles an Allem ass d’Potenzial gi fir d’Ziler vum nationalen Energie- a Klimaplang ze erreechen, dee fir 2030 eng Produktioun vu 674 GWh virgesäit. Dëst Ziel gëtt opgrond vum gudden Tempo beim Ausbau schons 2025 erreecht.

  •  Wéi vill méi al Wandanlage sollen an den nächste Joer duerch méi nei Modeller ersat ginn? Wéi vill Energie kéint doduerch zousätzlech produzéiert ginn?

Fir den Ament ass e “Repowering” am Burer Bierg (Gemeng Rouspert-Mompech) virgesinn, deen an de nächsten 3 bis 5 Joer soll ofgeschloss ginn. Hei sollen 1 oder 2 nei Anlagen, 4 al Anlagen ersetzen.

Generell kann ee soen, dass mat der Hallschent vun den Anlagen dat duebelt ka produzéiert ginn. En anere “Repowering” ass zu Derenbach wou 3 Wandmille vun 2 verschiddene Gesellschaften duerch 3 neier an 2 verschidde Projete sollen ersat ginn. Bei dësen 2 Projeten huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung decidéiert, dass d‘Ausschaffe vun engem EIE-Bericht net noutwenneg ass, esou dass dës Projeten elo direkt an d‘Geneemegungsprozedur goe kéinten.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...

Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?

Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen – ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint dës Situatioun ënnerholl gëtt.

weiderliesen...

Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?

Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dës Gerüchter der Wourecht entspriechen a, wa jo, firwat dëse Wee ageschloe gëtt, amplaz bestoend Acteuren aus der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier z’ënnerstëtzen.

weiderliesen...

Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu “Protonenpumpenhemmer”?

De laangjärege Konsum vu sougenannte “Protonenpumpenhemmer” (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.

weiderliesen...