Wéi sollen d’Prozedure beim Ausbau vun den erneierbaren Energië beschleunegt ginn?

Wéi wëll d'Regierung d'Prozeduren am Kader vum Ausbau vun den erneierbaren Energië beschleunegen? D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn nogefrot.

„Als Reaktioun op de Krich an der Ukraine an opgrond vun den héijen Energiepräisser, déi doduerch bedéngt sinn, huet de Rot vun der Europäescher Unioun den 22. Dezember 2022 e Reglement ugeholl, dat den Ausbau vun den erneierbaren Energien däitlech beschleunege soll.

Zu deem Zweck ginn d’Prozeduren op kommunalem Niveau fir eng bestëmmten Zäit adaptéiert, andeems konkret zäitlech Virgaben fir d’Ausstelle vu Baugeneemegunge virgi ginn. D’Gemengen hunn deemno zukünfteg ee Mount Zäit fir eng Baugeneemegung fir eng PV-Anlag ze ginn, falls dee Mount iwwerschratt ass, gëllt de Prinzip vum „Accord tacite“, d.h. d’Demande ass automatesch accordéiert.

Beim Ausbau vun den erneierbaren Energien sinn allerdéngs och déi staatlech Verwaltunge betraff fir Autorisatiounen ze ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Wéi eng Efforten huet d’Regierung bis elo ënnerholl, fir d’Prozeduren am Kader vum Ausbau vun den erneierbaren Energien konkret ze beschleunegen?
  • Kann d’Regierung soen, wou dat gréisst Potenzial fir eng Beschleunegung vun de Prozedure besteet?
  • Falls net, huet d’Regierung wëlles, eng detailléiert Analys vun alle Prozeduren um Niveau vun de staatleche Verwaltungen ze maachen, fir erauszefannen wéi eng Prozedure beschleunegt kënne ginn?
  • Gesäit d’Regierung vir, bei verschiddene Prozeduren am Kader vum Ausbau vun den erneierbaren Energien de Prinzip vum „Accord tacite“ anzeféieren? Wa jo, wéi eng Prozedure wieren dat?
  • Huet d’Regierung wëlles, sech eng Maximaldauer ze ginn, z.B. 6 Méint, fir all déi néideg Autorisatioune fir z.B. e Projet vun enger Wandanlag auszestellen?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...