Wéi staark sinn d’Kläranlage vun de rezenten Iwwerschwemmunge betraff?

Duerch d'Héichwaasser wieren och eng Rei Kläranlage beschiedegt ginn, soudass de Risiko bestoe géif, dass knaschtegt Waasser an d'Flëss leeft. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat tatsächlech de Fall ass, wéi eng Kläranlage betraff sinn, a wat den Impakt op d'Waasserleef ass.

« Il me revient que, suite aux intempéries et inondations du 15 juillet, un certain nombre de stations de traitement des eaux usées auraient été endommagées.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

  • Madame la Ministre peut-elle informer quelles stations ont été touchées par les intempéries et inondations ?
  • Madame la Ministre peut-elle préciser la nature et les dimensions respectives des dégâts ?
  • Quel en est l’impact sur les milieux aquatiques ?
  • À quelle hauteur les dégâts peuvent-ils être estimés ?
  • Sachant que déjà avant les intempéries et inondations récentes, les projets de modernisation et d’extension des stations de traitement des eaux usées avaient mis les communes respectivement les syndicats de communes sous une pression financière importante, est-il prévu, le cas échéant, d’accorder des aides pour remettre en état les stations concernées ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Doktere schaffen am Norde vum Land ?

Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.

weiderliesen...

Wéi vill Frae gi wärend der Schwangerschaft an Dispens gesat ?

D’Aarbechtsrecht gesäit vir, datt schwanger Fraen op der Aarbecht verschidden Tâchen net iwwerhuelen dierfen. D’Gesetz gesäit dofir een Amenagement vun der Aarbechtsplaz vir oder eng Reaffektatioun op een anere Posten. Ass béides net méiglech, da muss d’Fra an Dispens gesat ginn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Frae pro Secteur an Dispens gesat ginn, wéi oft ee Recours géint eng Dispens vum Patron agereecht gouf an opgrond vu wéi enge konkrete Krittären d’Aarbechtsdokteren eng Dispens decidéieren.

weiderliesen...

Sollten den LNS a Privatlaboe bei Biopsien net méi zesummeschaffen?

Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze verkierzen.

weiderliesen...

Kee Remboursement méi fir dermatoskopesch Fotoen ?

Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat dës Decisioun geholl gouf a wéi vill Patienten esou Fotoe beim Hautdokter an de leschte 5 Joer rembourséiert kruten.

weiderliesen...