Wéi vill Plans sociaux gouf et an de leschte Joren ?

Betriber an ekonomesche Schwieregkeeten hunn zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ee Plan de maintien dans l’emploi mat de Sozialpartner ze verhandelen an esou Entloossungen z’evitéieren. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, wéi vill Plans de maintien dans l’emploi an de leschten zéng Joer verhandelt goufen an och wéi vill Plans sociaux am selwechten Zäitraum ëmgesat goufen.

Fro

« Les entreprises luxembourgeoises qui rencontrent des difficultés économiques, et qui risquent de devoir licencier du personnel, ont la possibilité de mettre en œuvre un plan de maintien dans l’emploi afin d’éviter le recours à un plan social.

Un plan de maintien dans l’emploi peut être mis en place soit à l’initiative des partenaires sociaux, soit par le Comité de conjoncture si celui-ci enregistre cinq licenciements non inhérents à la personne sur une période de trois mois ou huit licenciements sur une période de six mois.

Il s’agit d’une mesure à caractère anticipatif qui vise à éviter un plan social et donc des licenciements et à proposer des solutions alternatives, comme la préretraite-ajustement.

À ce sujet, nous aimerions poser les questions suivantes à Messieurs les Ministres :

  • Combien de plans sociaux y a-t-il eu au cours des dix dernières années ?
  • Combien de ces plans sociaux ont été lancés pendant la durée d’un plan de maintien dans l’emploi ?
  • Combien de ces plans sociaux ont été lancés après l’échec d’un plan de maintien dans l’emploi ?
  • Combien de plans de maintien dans l’emploi ont été mis en œuvre au cours des dix dernières années ?
  • Combien de salariés ont bénéficié de la préretraite-ajustement au cours des dix dernières années ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...