Wéi vill Subside fir den Héichwaasserschutz si schonn ausbezuelt ginn?

Nom Héichwaasser vum leschte Juli hu vill Leit a Gemengen decidéiert, an Héichwaasserschutzmoossnamen z'investéieren, déi och vum Waasserfong finanziell ënnerstëtzt ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn ënnert anerem nogefrot, wéi vill Demandë scho rakomm sinn a wéi vill dovu schonn traitéiert goufen.

„No de schroen Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 hu vill betraffe Leit a Gemengen decidéiert, präventiv Mesuren ze huelen fir z’evitéieren, dass et nach eng Kéier zu sou dramateschen Szeene kënnt. De Waasserfong iwwerhëlt an deem Kader 75% vun de Käschten vu Mesurë fir den Héichwaasserschutz ze verstäerken. Bei grouss ugeluechte Moossname fir ganz Uertschaften sinn et esouguer 90%.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Demandë sinn bis ewell am Ministère erakomm?
  • Wéi vill Demandë si schonn traitéiert ginn? Wéi vill Demandë stinn nach op?
  • Wéi vill Subventioune si schonn ausbezulet ginn? Wéi ee Montant ass an deem Kader ausbezuelt ginn?
  • Fir wéi eng Mesurë ginn Subventiounen ugefrot?
  • Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi jeeweileg Mesuren eréischt ëmgesat kënne ginn, wann d’Demande fir eng Subventioun accordéiert ginn ass, an een am anere Fall net méi eligibel fir eng Subventioun ass?
  • Wann deem sou ass, ass d’Madamm Ministesch net der Meenung, dass d’Mesuren zum Schutz virun Héichwaasser esou séier wéi méiglech misste kënnen realiséiert ginn?“

Äntwert

Wéi vill Demandë sinn bis ewell am Ministère erakomm?

Zënter Mëtt Juli 2021 sinn 48 Demanden erakomm, dovun 24 vu Gemengen a 24 vu Privatleit / Promoteuren.

Wéi vill Demandë si schonn traitéiert ginn? Wéi vill Demandë stinn nach op?

Vun den 48 Demanden déi eragereecht goufen, sinn der 15 traitéiert ginn an 33 stinn der nach op well d‘Planung mat de Gemenge, respektiv de Privatleit um Terrain nach leeft. (Stand: 15. Februar 2022). Vun deenen 33 Demanden déi nach opstinn, goufen der 26 nom 18. November 2021 eragereecht.

Wéi vill Subventioune si schonn ausbezuelt ginn? Wéi ee Montant ass an deem Kader ausbezuelt ginn?

Zënter Mëtt Juli 2021 goufe Subsiden an Héicht vun engem Gesamtmontant vun 6.048.307 € engagéiert; 1 Paiement an Héicht vun 32.202,63 € gouf zënterhier ausbezuelt.

Fir wéi eng Mesurë ginn Subventiounen ugefrot?

Et si Subsiden ugefrot ginn vu Gemengen fir Héichwaasser- a Starkreenschutzkonzepter auszeschaffen, souwéi och fir lokal Schutzmoossnamen oder de Renforcement vun bestoende Moossnamen. Vu Privatleit si Subsiden ugefrot ginn fir individuell Schutzmoossnamen, ënnert anerem amovibel Mauersystemer, dicht Fënsteren, Dieren a Garagendieren.

Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, dass déi jeeweileg Mesuren eréischt ëmgesat kënne ginn, wann d’Demande fir eng Subventioun accordéiert ginn ass, an een am anere Fall net méi eligibel fir eng Subventioun ass?

Dat kann konfirméiert ginn an ass nozeliesen am Waassergesetz am Artikel 66 Paragraph 2) dee beseet, dass eng “approbation préalable” vum Minister gebraucht gëtt fir des Projeten. Dat ass awer fir all Ausgaben vun dem FGE säit senger Grënnung am Joer 1999 de Fall.

Wann deem sou ass, ass d’Madamm Ministesch net der Meenung, dass d’Mesuren zum Schutz virun Héichwaasser esou séier wéi méiglech misste kënnen realiséiert ginn?

D’Demanden ginn esou séier wéi méiglech ofgeschafft. D’Zil ass et awer och, dass déi subventionéiert Installatiounen wierklech sënnvoll sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...