Wéini gëtt d’Eller Bréck renovéiert?

Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Wëll deen Dossier awer net richteg virunzegoe schéngt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.

„Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Allerdéngs schéngt dësen Dossier net richteg virunzegoen, soudass sech d’Leit mëttlerweil Suergen ëm d’Stabilitéit an d‘Sécherheet vun der Bréck maachen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wou ass d’Planung vun der Erneierung oder der Renovéierung vun der Eller Bréck fir de Moment drun?
  • Leien déi erfuerdert Autorisatioune schonn alleguer vir? Bis wéini ka spéitstens ëffentlech ausgeschriwwe ginn?
  • Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vun dësem Projet geschat?“

Äntwert

Wou ass d’Planung vun der Erneierung oder der Renovéierung vun der Eller Bréck fir de Moment drun? Leien déi erfuerdert Autorisatioune schon alleguer vir? Bis wéini ka spéitstens ëffentlech ausgeschriwwe ginn?

D’Planung vum Projet vun der Eller Bréck ass ofgeschloss an d’Aarbechte ginn nach Enn dëses Joers ëffentlech ausgeschriwwen. Des weidere kann ech dem honorabelen Deputéierte versécheren, datt all déi néideg Autorisatioune virleien.

Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vun dësem Projet geschat?

De Käschtepunkt vun dësem Projet, inklusiv sämtlechen Etüden, gëtt op ronn 1,4 Milliounen Euro TTC geschat.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Verschlechtert sech déi neurochirurgesch Prise en charge vun de Patienten zu Lëtzebuerg ?

Rezent gouf d’Nomenclature fir neurochirurgesch Akten geännert, esou datt intrakranial Agrëff just nach am CHL, an net méi an den HRS, rembourséiert ginn. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, ob dës Ännerung net zu enger Verschlechterung vun der Prise en charge vun de Patiente féiert, an ob de Minister net gewëllt wier dës Ännerung nach eng Kéier iwwerpréiwen ze loossen.

weiderliesen...