„Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Allerdéngs schéngt dësen Dossier net richteg virunzegoen, soudass sech d’Leit mëttlerweil Suergen ëm d’Stabilitéit an d‘Sécherheet vun der Bréck maachen.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:
- Wou ass d’Planung vun der Erneierung oder der Renovéierung vun der Eller Bréck fir de Moment drun?
- Leien déi erfuerdert Autorisatioune schonn alleguer vir? Bis wéini ka spéitstens ëffentlech ausgeschriwwe ginn?
- Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vun dësem Projet geschat?“
Réponse
Wou ass d’Planung vun der Erneierung oder der Renovéierung vun der Eller Bréck fir de Moment drun? Leien déi erfuerdert Autorisatioune schon alleguer vir? Bis wéini ka spéitstens ëffentlech ausgeschriwwe ginn?
D’Planung vum Projet vun der Eller Bréck ass ofgeschloss an d’Aarbechte ginn nach Enn dëses Joers ëffentlech ausgeschriwwen. Des weidere kann ech dem honorabelen Deputéierte versécheren, datt all déi néideg Autorisatioune virleien.
Wéi héich gëtt de Käschtepunkt vun dësem Projet geschat?
De Käschtepunkt vun dësem Projet, inklusiv sämtlechen Etüden, gëtt op ronn 1,4 Milliounen Euro TTC geschat.