What effects does the use of e-cigarettes have on health and the environment?

The consumption of e-cigarettes by teenagers and young adults continues to increase. DP MP Gérard Schockmel asked the Minister of Health and the Minister of the Environment how many e-cigarettes are sold in Luxembourg, what impact they can have on the environment and what health effects the chemicals contained in the e-liquids have.

Question

“An de leschte Joren si Vapes ëmmer méi populär ginn. Virun allem bei de Jugendlechen a jonken Erwuessenen ass an der Consommatioun vu Vapes e staarken Opwäertstrend ze erkennen. Dësen Trend kënnt awer och mat Bedenke bezüglech den Implicatiounen op d’Ëmwelt an op d’Gesondheet vun de Consommateuren, déi laut dem aktuelle wëssenschaftleche Fuerschungsstand nach net kloer ofzeschätze sinn. Opgrond vun dëse Bedenken hu vill Länner an Europa ugefaange Vapen staark ze reguléieren oder se souguer ganz ze verbidden.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung an dem Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit follgend Froe stellen:

  • Wéi vill Vapes ginn zu Lëtzebuerg all Joer verkaf?
  • Wat fir eng gesondheetlech Implicatioune fir d’Consommateure gi vun den a E-Liquiden enthalene Chemikalien aus?
  • Wéi eng wëssenschaftlech Studie leien der Madamm Ministesch zu de Laangzäitwirkunge vu Vapes op d’Gesondheet vir?
  • Wéi eng Belaaschtunge fir d’Ëmwelt kënnen duerch eng falsch Entsuergung vu Vapes an hire Bestanddeeler entstoen?„

Answer

Gemeinsam Äntwert vun der Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet a vum Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit op d’parlamentaresch Fro n° 1872 vum 30. Januar 2025 vum honorabelen Deputéierten Här Gérard Schockmel.

  • Wéi vill Vapen ginn zu Lëtzebuerg all Joer verkaf?

Momentan stinn eis keng Zuele betreffend de Verkaf vun elektroneschen Zigaretten zu Lëtzebuerg zur Verfügung. Allerdéngs mussen all d‘Vaping-Produkter ab dem 1. Abrëll 2025[1] eng Steiermarkéierung droen. D’Verkafsbutteker mussen sech dann och am Viraus bei der Douane- an Akzisenverwaltung umellen.

Duerch d’Iwwerwaachung vum Bestellvolumen fir Steierstempelen, déi vun de Produzenten oder Importateure bei der Douane- an Akzisenverwaltung ugefrot ginn, wäert et méiglech sinn, déi järlech Verkafszuele fir d’Land ze schätzen.

  • Wat fir eng gesondheetlech Implicatioune fir d’Consommateure gi vun den a E-Liquiden enthalene Chemikalien aus?

Déi meescht cheemesch Zousazstoffer an de E-Liquiden sinn erlaabt, laut dem Artikel 7, Paragraf 3, Punkte c) bis g) vum Tubaksgesetz, a ginn och a Liewensmëttelen an a villen anere Beräicher wéi der Pharmacieindustrie oder der Kosmetik benotzt. Et bestinn awer vill Inconnuen iwwer hir Konsequenzen op d’Otemweeër bei der Inhalatioun, souwuel op kuerzfristeger wéi op laangfristeger Siicht. Déi tatsächlech Toxicitéit vun enger Substanz hänkt ënner anerem vun der Heefegkeet an Dauer vun der Belaaschtung of, awer och dovun, wéi se an de Kierper kënnt.

Wat Implicatiounen ugeet, erënnere mir un d’Epidemie vun der Vergëftung duerch elektronesch Zigaretten am Joer 2019 an den USA[2].

Och net ze vergiesse sinn déi negativ Effekter vum Nikotin op d’Gesondheet an op d’Gehierentwécklung bei de Jonken, souwéi de Risiko vu kardiovaskuläre Krankheeten. Konsumente vun E-Liquiden riskéieren Otemweeirritatiounen, déi zu enger Longenentzündung féiere kënnen, verursaacht duerch widderhuelend a verlängert Expositioun vu Propylenglycol a Glycerin[3] (d’Haaptsousaztstoffer vun de E-Liquiden). Och de Verdauungssystem wier net verschount, wéi eng Etüde an iScience weist. Dës Etüde beschreift, datt bei enger widderhuelter Expositioun vu Glycerin eng chronesch Entzündung vun der Darmbarriär [4] optriede kéint. Dës Barriär spillt eng wichteg Roll, fir ze verhënneren, datt Toxinen an aner schiedlech Pathogenen an de Kierper erakommen.

Obwuel mir nach net dee selwechte Wëssensstand hu wéi bei de gewéinlechen Tubaksproduiten, bleiwe mir trotzdeem opmierksam a verfollegen déi rezent wëssenschaftlech Fortschrëtter an Erkenntnisser iwwer d’Risike vun E-Liquiden.

D’E-Zigarett, déi net duerch eng medezinesch Begleedung kontrolléiert gëtt, ass keng sécher Alternativ zu den Tubaksprodukter. Am Kader vun enger medezinescher Iwwerwaachung, ginn d’Nikotindoséierungen ugepasst an an engem Entwinnungsplang begleet. An dësem Fall soll den Usage punktuell limitéiert a kontrolléiert bleiwen.

–           Wéi eng wëssenschaftlech Studie leien der Madamm Ministesch zu de Laangzäitwirkunge vu Vapen op d’Gesondheet vir?

Am Joer 2018 hunn d’National Academies of Sciences, Engineering, and Medicine (NASEM) de bis ewell komplettste Rapport iwwer d’Gesondheetskonsequenze vun der Benotzung vun der elektronescher

Zigarett publizéiert.

Dëse Rapport ass zur Conclusioun komm, datt d’Vapote mat verschiddene physiologeschen Effekter beim Mënsch associéiert ass, wéi zum Beispill akut Verännerunge vum Häerzrhythmus, e potenziell erhéichte Risiko vu parodontalen Erkrankungen an e puer Fäll vun Intoxikatioun. Allerdéngs waren d’Beweiser fir déi chronesch, laangfristeg Gesondheetseffekter nach net verfügbar, besonnesch wat d’kardiovaskulär an d’respiratoresch Gesondheet souwéi d’Schwangerschaft ugeet [5].

D’NASEM-Etude gouf 2022 completéiert an d’Conclusioun ass, datt trotz der Unzuel vun den Etüden an dem Fortschrëtt, d’Gewëssheet iwwert d’Toxicitéit vun de E-Zigaretten nach ëmmer schwaach ass, well et nach ëmmer schwéier ass d’Effekter vum E-Zigarettendamp eleng ze studéieren [6].

– Wéi eng Belaaschtunge fir d’Ëmwelt kann duerch eng falsch Entsuergung vu Vapen an hire Bestanddeeler entstoen?

Elektronesch Einwegzigaretten sollen net iwwert de Restmüll entsuergt ginn. Se falen ënnert d’Gesetz vum 9. Juni 2022 «relative aux déchets d’équipements électriques et électroniques ». Laut deem Gesetz mussen se separat als Elektroschrott gesammelt ginn an d’Batterie muss erausgeholl ginn, iert se an enger Recyclingsfiliere verwäert gëtt.

Zigaretten déi net korrekt entsuergt ginn, kënnen op verschiddenen Weeër en Impakt op d’Ëmwelt an op den Mensch hunn. Wann si op de Buedem geheit ginn, wou se als “Littering” gëllen, kënne Schuedstoffer aus de Batterien (Lithium) an dem Plastik an de Buedem oder an de Wasserkreeslaf geroden. Dëse Plastik kann sech an Mikroplastik zersetzen waat weider Konsequenze fir d’Ëmwelt an de Mensch huet, wou Mikroplastik an verschiddenen Organer erëm fonnt gëtt [7]. Weiderhi kënnen d’Batterien vun dësen Zigaretten am Fall vun enger Beschiedegung Féier fänken.


[1] https://douanes.public.lu/content/dam/douanes/fr/accises/info-taxud-09-2024-accises-taxation-nouveaux-produits-tabac-manufactur-m1-esigned.pdf

[2] https://archive.cdc.gov/www_cdc_gov/tobacco/basic_information/ecigarettes/severe-lung-disease.html 

[3] Kim MD, Chung S, Dennis JS, Yoshida M, Aguiar C, Aller SP, Mendes ES, Schmid A, Sabater J, Baumlin N, Salathe M. „Vegetable glycerin ecigarette aerosols cause airway inflammation and ion channel dysfunction.“ Front Pharmacol. 2022 Sep 26;13:1012723

[4] Sharma A, Lee J, Fonseca AG, Moshensky A, Kothari T, Sayed IM, Ibeawuchi SR, Pranadinata RF, Ear J, Sahoo D, Crotty-Alexander LE, Ghosh P, Das S. „E-cigarettes compromise the gut barrier and trigger inflammation.“ iScience. 2021 Jan 6;24(2):102035.

[5] https://pubmed.ncbi.nlm.nih.gov/29894118/

[6] https://www.frontiersin.org/journals/publichealth/articles/10.3389/fpubh.2022.959622/full

[7] Microplastics are everywhere we need to understand how they affect human health | Nature Medicine

Would you like this parliamentary question to be translated into English?

Share:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

More parliamentary questions

Administrative burden in primary education

Despite the Ministry of Education’s efforts to simplify administrative tasks in primary schools, unions point to a growing bureaucratic burden on teachers. What is the actual situation on the ground, and how might artificial intelligence play a role? A parliamentary question from our MPs Gilles Baum and Barbara Agostino seeks answers.

read more...

Second classroom support staff and A-EBS in cycle 1 of primary education

To ensure more effective pedagogical differentiation from the start of schooling, the coalition agreement foresees the gradual introduction of a second classroom support worker in cycle 1. This second staff member could also play a key role in the rollout of Project Alpha, especially in preparing children for literacy in German or French. Furthermore, assistants for pupils with special educational needs (A-EBS) are set to ease the workload of specialised teachers. Our MPs Gilles Baum and Barbara Agostino have submitted a parliamentary question to the Minister to clarify the implementation timeline and progress of these initiatives.

read more...

How many people suffer from anorexia?

In addition to obesity, anorexia is also a problem in our society. DP MPs André Bauler and Gilles Baum asked the Minister of Health, among other things, how many anorexia patients in Luxembourg had to be hospitalised, how long treatment lasts on average, and how treatment costs have developed over the last ten years.

read more...

No access to biological results in the LëtzHBM study?

As part of the LNS study ‘LëtzHBM’, biological and environmental samples are collected to determine the presence of chemical substances in private households. The results of the biological samples, unlike the environmental samples, are not systematically communicated to the participants.
DP MP Dr Gérard Schockmel has asked the Minister of Health why these results are not communicated and whether this is compatible with data protection regulations.

read more...