Wie ist die Qualität des Essens in unseren Krankenhäusern?

Eine gesunde und ausgewogene Ernährung trägt nachweislich zu einem besseren Heilungsprozess bei und verringert das Risiko von Komplikationen. Die DP-Abgeordneten Corinne Cahen und Carole Hartmann haben in diesem Zusammenhang die Gesundheitsministerin unter anderem dazu befragt, wie gut die Qualität des Essens in unseren Krankenhäusern ist, ob vorrangig regionale Produkte verwendet werden und ob darauf geachtet wird, dass auch vulnerabele Patienten ausreichend essen.

Frage

Et gi vill Etuden a wëssenschaftlech Beweiser déi aussoen, dass gesond an equilibréiert Iesse ganz däitlech dozou bäidréit, dass e Kranken am Spidol nees méi séier gesond gëtt.  An enger Metaanalyse am Clinical Nutrition vun 2019 koum eraus, dass geziilt Ernärungsinterterventiounen d’Spidolsopenthalter em 2 bis 3 Deeg kënne reduzéieren. Etude weisen, dass Patiente mat enger gudder Ernärung no enger Operatioun nees méi séier op d’Bee kommen an dass se manner dacks Komplikatiounen hunn ewéi Infektiounen oder Dekubitus. Wann een ze wéineg ësst an der Klinik, dann huet ee méi e grousse Risiko fir Komplikatiounen ze hunn, bis hin zu enger méi héijer Stierflechkeet. Virun allem al a schwéierkrank Patiente profitéiere vun enger individuell ugepasster Ernärung, fir de Muskelverloscht an d’Mangelerscheinungen ze verhënneren. An der Etude The American Journal of Clinical Nutrition vun 2020 ass erwise ginn, dass eng Ernärung mat vill Eewäiss bei Patienten an der Klinik de Stierflechkeetstaux signifikant erofsetzt. Eng gesond Ernärung mat Omega-3-Fettsaieren, Antioxidanten a Ballaststoffer ënnerstëtzt d’Immunsystem a reduzéiert Entzündungen. Dëst ass besonnesch wichteg bei Kriibspatienten, Patiente mat chronesche Krankheeten oder no Operatiounen. Natierlech wierkt eng gesond Ernärung sech och op d’Laun aus, op de Schlof an op d’allgemengt Wuelbefannen.

Allerdéngs héiert een ëmmer nees, dass d’Iessen an de Klinicken zu Lëtzebuerg net gutt wär. Weder d’Qualitéit vum Iessen, nach de Choix wier zefriddestellend. Zum Beispill géingen d’Patienten dacks wäisst Brout ze iesse kréien, woubäi ee weess, dass Vollkarbrout vill méi gesond ass. Et héiert een och, dass de Plateau an d’Kummer bruecht gëtt a relativ séier nees ewechgeholl gëtt.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Gesondheet follgend Froe stellen:

  • Wéi gëtt an de Klinicken garantéiert, dass d’Qualitéit vum Iessen an de Choix fir d‘Patienten zefriddestellend ass?
  • Ass d’Madamm Minister der Meenung, dass d’Klinicke genuch Budget kréie fir d’Moolzechten?
  • Sollt net emol eng Analyse gemaach gi vun de Moolzechten, dem Choix, der Qualitéit an dem Närwäert?
  • Wéi ass d’Kachen an den eenzelne Klinicken organiséiert? Gett sur place gekacht, oder gëtt d’Iesse vu bausse geliwwert ?
  • Gëtt opgepasst, dass virun allem regional Produiten am Iesse verwennt ginn a wann nee, firwat net?
  • Gëtt besonnesch bei vulnerabele Leit, respektiv bei Kanner oder eelere Leit opgepasst, dass si genuch iessen? 
  • Gëtt konsequent den Ernärungszoustand vu Patienten am Spidol erfaasst, fir hinnen eng méiglechst ugepasst Molzecht ubidden ze kënnen?“

Antwort

1. Wéi gëtt an de Klinicken garantéiert, dass d’Qualitéit vum Iessen an de Choix fir d‘Patienten zefriddestellend ass?

D’Spideeler baséieren sech op verschidde Mechanisme fir ze garantéieren dass d’Qualitéit vum Iessen an de Choix fir d’Patienten zefriddestellend ass.

All Dag ginn ofwiesslungsräich a personaliséiert Menue proposéiert, déi speziell Regimmer berécksiichtegen (vegetaresch, fir Diabetiker, geriatresch, pediatresch, asw.). D’Zesummestellung vun de Menüe riicht sech no den offiziellen ernärungswëssenschaftleche Recommandatiounen. D’Moolzechten am Spidol ginn un d’Ernärungsbedierfnisser vum Patient ugepasst, no klineschen Diätrecommandatiounen, fir ënnert anerem d’Heelung ze ënnerstëtzen an Ënnerernärung ze vermeiden. D’Regimmer an d’individuell Upassung vun de Moolzechte ginn am Patientendossier dokumentéiert.

Ausserdeem gi saisonal Produite jee no Wanter- oder Summersaison berécksiichtegt.

Degustatiounstester an Temperaturkontrollen gi reegelméisseg duerchgefouert, sou wéi och Zefriddenheetsenquêten, a Form vu Questionnaire, déi d’Patienten zum Schluss vum Openthalt ausgedeelt kréien.

Wéi den 23. Abrëll op der Pressekonferenz “Méi regional Liewensmëttel am HRS”, zesumme mat der Ministesch fir Agrikultur, Ernärung a Wäibau schonns thematiséiert, ass eng gesond, equilibréiert Ernärung, déi déi lokal Ressourcë respektéiert, e wichtege Levier fir d’Genesung a Wuelbefanne vum Patient. De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet begréisst an deem Sënn d’Engagement vun de Spideeler d’Ernärung zu engem Pilier vun der Qualitéit vun de Soin’en ze maachen.

  • Ass d’Madamm Minister der Meenung, dass d’Klinicke genuch Budget kréie fir d’Moolzechten?

D’Spideeler beméien sech eng méiglechst héichwäerteg Iessensversuergung ze garantéieren. Am Kader vun der Verhandlung vum Budget mat der Gesondheetskeess versichen d’Spideeler den domadder verbonnenen Impakt op de Budget kënnen ofzedecken. D’ënnerschiddlech Organisatioun vun der Kichenaktivitéit, mat eegenem Personal oder am Kader vun enger Sous-traitance, mécht d’Budgétisation méi komplizéiert.

  • Sollt net emol eng Analyse gemaach gi vun de Moolzechten, dem Choix, der Qualitéit an dem Närwäert?

An de meeschte Spideeler gëtt schonn esou eng Analys gemaach.

Wéi an der Äntwert op déi éischt Fro uginn, gi reegelméisseg Degustatioun- an Temperaturkontrollen duerchgefouert. Och visuell Kontrolle vun de Plateaue gi gemaach, an d’Patiente kënnen hire Feedback ginn. D‘Koordinatiounscomitéë mat Vertrieder aus der Restauratioun, der Fleeg, vun den Dieteticiennen an de Patienten evaluéieren a passen d’Iessensoffer un.

D’Dieteticiennen assuréieren des Weideren e reegelméissege Suivi vun der Ernärung, ënner anerem mat Hëllef vu spezialiséierten, informatesche Programmer, fir den Ernärungsbilan z’iwwerwaachen an d’Risike vun enger Ënnerernärung fréi z’erkennen. D’reegelméisseg Iwwerpréiwung vum Ernärungsbilan (Kalorien, Eewäiss, Mikronärstoffer) garantéiert eng adequat metabolesch Ofdeckung jee no Krankheet.

  • Wéi ass d’Kachen an den eenzelne Klinicken organiséiert? Gett sur place gekacht, oder gëtt d’Iesse vu bausse geliwwert ?

Déi meescht Spideeler hunn eng Kichen op der Plaz. An der Reegel gëtt d’Iessen um Site preparéiert oder am Kader vun engem zweete Site oder Spidol op der Plaz regeneréiert a verdeelt.

  • Gëtt opgepasst, dass virun allem regional Produiten am Iesse verwennt ginn a wann nee, firwat net?

Säit e puer Joer schonn engagéieren d’Spideeler sech méi lokal Produiten ze verwenden, a maachen an deem Kontext och bei der Campagne “Sou schmaacht Lëtzebuerg” mat, där hiert Ziel et ass d’Virdeeler vun der Diversitéit vun der lokaler landwirtschaftlecher Produktioun an enger regionaler Ernärung ze iwwermëttelen.

Verschidde Spideeler hunn ausserdeem Labele kritt, sou wéi “Terroir luxembourgeois” oder “Made in Luxembourg”, déi e gewëssene Prozentsaz u lokale Produite garantéieren.

Den Undeel u regionale Produite variéiert, mee geet generell an d’Luucht.

D’Benotze vu regionale Produite gëtt vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet ënnerstëtzt.

  • Gëtt besonnesch bei vulnerabele Leit, respektiv bei Kanner oder eelere Leit opgepasst, dass si genuch iessen?

Wéi an der Äntwert op d’Fro 1 beschriwwen, gi personaliséiert Menue ugebueden, déi de Besoine vum Patient ugepasst sinn, an och speziell Regimmer berücksichtegen. Bei vulnerabele Patienten, déi energieräich Moolzechte brauchen, fir d’Muskelmass z’erhalen an en Närstoffmangel z’evitéieren, gëtt besonnesch opgepasst :

  • närstoffräicht Iessen
    • Nahrungsergänzungsmëttel
    • Initiative fir den Appetit ze stimuléieren (besonnesch an der palliativer Betreiung oder der laangfristeger Hospitalisatioun) 

D’Fleegeequippe an d’Dieteticiennen assuréieren e konstante Suivi a passen de Regimm un d’Evolutioun vum Zoustand vum Patient un.

  • Gëtt konsequent den Ernärungszoustand vu Patienten am Spidol erfaasst, fir hinnen eng méiglechst ugepasst Molzecht ubidden ze kënnen?“

Jo, dës Bewäertung ass allgemeng üblech.

En detailléierten Ernärungsbilan gëtt systematesch bei der Admissioun duerchgefouert fir Risike vun der Ënnerernärung z’identifizéieren.

D’Bewäertung gëtt reegelméisseg aktualiséiert, op d’mannst eemol d’Woch oder am Fall vun enger Verännerung vum Gesondheetszoustand.

Regimmvirschrëfte ginn am Patientendossier dokumentéiert an no klinesche Bedierfnesser an individuelle Preferenzen, an enker Koordinatioun mat de Fleegeservicer, den Dieteticiennen an den Equippe vun der Restauratioun, ugepasst.

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Wie lange sind die Wartezeiten in der „Travel Clinic“?

Bei Reisen in tropischere Regionen kann man sich in der „Travel Clinic“ des CHL beraten und gegen verschiedene Krankheiten impfen lassen. Die Wartezeiten in dieser Klinik sollen derzeit jedoch recht lang sein.
Die DP-Abgeordneten Dr. Gérard Schockmel und Gilles Baum haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, wie viele Patienten in den letzten zehn Jahren in der „Travel Clinic“ empfangen wurden, wie sich die Wartezeiten in diesem Zeitraum entwickelt haben und ob es nicht sinnvoll wäre, wie bei vielen anderen CHL-Diensten eine Online-Terminvereinbarung zu ermöglichen.

weiterlesen...

Wie kann der Beruf des Pflegehelfers aufgewertet werden?

Der Mangel an Pflegepersonal ist eine der größten Herausforderungen der aktuellen Regierung. In diesem Zusammenhang wollten die DP-Abgeordneten André Bauler und Gilles Baum von der Gesundheitsministerin unter anderem wissen, wie viele Pflegehelfer derzeit im Land arbeiten, wie viele in den letzten Jahren den Beruf gewechselt haben und welche Maßnahmen die Regierung ergreifen will, um den Beruf wieder attraktiver zu machen.

weiterlesen...

Medizinische Überweisungen ins Ausland

Seit dem 1. Juni 2025 müssen Ärzte ein neues Formular ausfüllen, wenn sie einen Patienten zur Behandlung ins Ausland schicken möchten. Der Arzt muss nun angeben, ob die Leistungen in Luxemburg innerhalb einer “akzeptablen Frist” erbracht werden können oder nicht. Kreuzt der Arzt an, dass die Leistungen in Luxemburg eigentlich erbracht werden könnten, wird der Überweisungsantrag automatisch abgelehnt.
Der DP-Abgeordnete Dr. Gérard Schockmel hat bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, ob die bloße Reduzierung auf die “akzeptable Frist”, ohne Berücksichtigung der Qualität der Versorgung, nicht zu ungerechtfertigten Ablehnungen führen und das neue Formular Ärzte nicht zu falschen Angaben zwingen könnte, um ihren Patienten die bestmögliche Versorgung zu gewährleisten.

weiterlesen...

Wie viele Ärzte arbeiten im Norden des Landes?

Im Norden des Landes müssen die Bürger oft weite Strecken zurücklegen, um zu einer Klinik oder einem Ärztehaus zu gelangen.
Die DP-Abgeordneten André Bauler und Gilles Baum haben die Gesundheitsministerin unter anderem gefragt, wie viele Allgemein- und Fachärzte im Norden des Landes arbeiten, wie die Altersstruktur der Ärzte ist und wann ein zweites Ärztehaus im Norden eröffnet werden könnte.

weiterlesen...