Wou ass de Groupe de Support Psychologique am Asaz ?

Als Deel vum CGDIS kënnt de Groupe de Support Psychologique bei Accidenter, Katastrophen oder aneren Tëschefäll an den Asaz. Wou sinn déi fräiwëlleg Ekippe rezent agesat ginn, wéi steet et em hiren Effectif an huet d’Corona Kris d’Situatioun am Land och fir si verschäerft. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

„D’Unité de Support Psychologique ass am Joer 1997 als Pilotprojet gestart. 2004 krut si eng legal Basis, an de Groupe de Support Psychologique (« GSP ») ass ënnert der Administration des services de secours gegrënnt ginn. Nieft der Betreiung vu Rettungsdéngschter, Affer oder Zeie vun Accidenter, de betraffene Familljen oder concernéierte Persounen, kënnt dës Ekipp och bei grousse Katastrophen an aneren Tëschefäll an den Asaz. Esou zum Beispill 1997 beim Zuchongléck zu Hollerech oder am Joer 2000 bei der Geiselnam an engem Foyer du jour zu Waasserbëlleg. All Persounen déi vun esou Virfäll betraff sinn, gi vum Groupe de Support Psychologique ënnerstëtzt.

An deem Kader wëlle mir der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Fräiwëlleger sinn den Ament beim Groupe de Support Psychologique engagéiert?
  • Wéi vill Asätz hat de GSP iwwert déi lescht 5 Joer ?
  • Sinn d’Ekippe vum GSP och bei de groussen Iwwerschwemmungen vun 2021 zum Asaz komm?
  • Gi Membere vum GSP agesat fir d’Police an hirer Aarbecht bei de Covid-Manifestatiounen ze ënnerstëtzen?
  • Huet d’Covid Kris d’Demande fir Hëllef duerch de GSP ze kréien verstäerkt?

Gëtt de GSP och vu Privatleit kontaktéiert, oder gëtt de Groupe prinzipiell iwwer d’Servicer vum CGDIS organiséiert?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...