Wou sinn d’Aarbechten un der Vëlospist PC35 drun?

D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi wollte vum zoustännege Minister wëssen, wou d'Aarbechten un der nationaler Vëlospist PC35 dru sinn.

„Déi national Vëlospist PC35 soll an Zukunft eng Verbindung vun der Käerjenger-Suessemer Gare, iwwer Dippech an d‘Dippecher Gare, bis op Bartreng an an d’Stad schafen. A senger Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°2407 vum 17. Juni 2020 hat den Här Minister geschriwwen, dass zu deem Moment verschidden Avant-projeten am Gaange wieren ausgeschafft ze ginn, notamment wat d’Ënnerféierung vun der N5 op der Héicht vun der Gréiwelsbarrière an d’Opdroe vu engem feste Belag am Bësch tëscht Dippech a Bartreng betrëfft.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wou sinn déi verschidden Aarbechten um PC35 drun?
  • Wéini wäerten déi éischt Ofschnëtter vum PC35 fir d’Ëffentlechkeet kënnen opgoen?
  • Wéini sollen alleguer d’Aarbechten op der ganzer Längt vum PC35 ofgeschloss sinn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...