Ze vill Phosphat am Stauséi?

Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

« Dans une interview parue en date du 1er février dans le quotidien Luxemburger Wort, le président de la Chambre d’agriculture regrette qu’aucune suite n’ait été donnée à l’analyse d’un expert indépendant sur la haute concentration en phosphate dans l’eau du lac de barrage de la Haute-Sûre que la Chambre d’agriculture avait soumise à Madame la Ministre.

Voilà pourquoi j’aimerais poser les questions suivantes à Madame la Ministre de l’Environnement, du Climat et du Développement durable :

– Madame la Ministre peut-elle confirmer ces informations ?

– Est-ce que Madame la Ministre a fait vérifier l’analyse précitée ?

– Dans l’affirmative, les résultats de l’analyse susmentionnée sont-ils confirmés par d’autres analyses, effectuées, le cas échéant, par les services de Madame la Ministre ?

– Dans l’affirmative, quelles suites Madame la Ministre entend-elle donner à ces résultats ?

– Madame la Ministre peut-elle fournir des explications supplémentaires concernant l’origine de la haute concentration en phosphate dans l’eau du barrage ? »

Äntwert

De Ministère hätt den Avis zesumme mat enger onofhängeger Expertise vun der Landwirtschaftskummer kritt an och analyséiert, mee dës konnten awer déi wëssenschaftlech Basis vun de Waasserschutzzonen, wéi se no enger laanger ëffentlecher Consultatioun festgehale goufen, net grondleeënd a Fro stellen. Dass déi héich Phosphatkonzentratioun am Stauséi vun der Landwirtschaft kéim, wier duerchaus méiglech, dowéinst wier de Prekautiounsprinzip ubruecht.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...