De Marc Hansen ass den 20. Januar 2026 an der Chamber vereedegt ginn. Den Norddeputéierte war tëschent 2014 an 2018 ë.a. Logementsminister an delegéierte Minister fir Héichschoul a Recherche. An der Legislaturperiod vun 2018 bis 2023 wor de Marc Hansen ënnert anerem Minister vun der Fonction publique a vun de Relatioune mam Parlament an delegéierte Minister fir d’Digitalisatioun a fir d’Reforme administrative.

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.


