Zouenen Zuchtunnel op der Nordstreck: Wat gëtt ënnerholl fir d’Auswierkungen op d’Passagéier ze minimiséieren?

Nodeems den Tunnel Kautebaach zesummegefall ass, sinn d'Passagéier déi op den Zuch ugewise sinn fir op d'Aarbecht ze fueren, mat gewësse Schieregkeete konfrontéiert. Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, wat geplangt ass fir d'Auswierkunge vun dësem Virfall op d'Mobilitéit am Norde sou kleng wéi méiglech ze halen.

Duerch den Tunnel Kautebaach kann den Zuch de Moment aus bekannte Grënn net méi duerchfueren. Dat suergt fir Opreegung am Éislek, well vill schaffend Leit, déi den Zuch huelen, fir domat moies fréi séier a bequem an de Landeszentrum oder soss éierens ze kommen, net méi op dësen zréckgräife kënnen.

Et gesäit dann och ganz sou aus, wéi wann de Broch am Tunnel Kautebaach net vun haut op muer aus der Welt geschaf ka ginn.

Aus deem Grond wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass ee Krisestaf ageriicht ginn fir sech dëser Problematik an all hiren Dimensiounen unzehuelen?
  • Ass et virgesinn, fir verschidden Direktbusser nieft de klassesche Linnebusser anzesetzen, fir sou gutt wéi méiglech d’Leit a kierzester Zäit an d’Stad oder soss enzwousch ze bréngen?
  • Ass geplangt eng Informatiounscampagne ze lancéieren fir déi betraffe Leit beschtméiglech z’informéieren bzw. si Biergerversammlunge virgesinn, fir an dëser spezifescher Situatioun de Besoinen a puncto Mobilitéit vun de Leit aus dem ieweschten Éislek, déi betraff sinn, Rechnung ze droen?“

Äntwert

Direkt nom Äerdrutsch am Tunnel Schieburg, hunn d’CFL emfaassend Analysen organiséiert, déi et erméigleche wäerte fir kënnen d’Ursaache vun dësem Äerdrutsch, esou wéi och den Zoustand vum Fiels iwwert dem Tunnel ze ermëttelen.

Während der Spärung vum Stréckendeel tëschent Klierf a Kautebaach wäerte folgend Busser niewent den RGTR-Buslinnen zum Asatz kommen:

  • Een Direktbus tëschent Ettelbréck a Klierf pro Stonn a pro Richtung.
  • Ee Bus um Trajet tëschent Kautebaach – Wëlwerwolz – Drauffelt – Klierf pro Stonn a pro Richtung.

Den 13. September 2022 ass eng Pressekonferenz organiséiert gi fir d’Reesende vun der Linn 10 iwwert d’Alternativléisungen, déi während der Spärung vum Stréckendeel tëschent Klierf a Kautebaach proposéiert ginn, ze informéieren.

Detailer zu de jeeweilegen Alternativléisunge kënnen bei enger Fuerplang-Recherche op den Internetsäite vun www.cfl.lu an www.mobiliteit.lu, esou wéi op den Applikatiounen CFL mobile a mobiliteit.lu opgeruff ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...