1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

An enger Interpellatioun an der Chamber ass dës Woch iwwert déi kuerzfristeg Investissementer, ma och iwwert déi laangfristeg Strategie vun dësem wichtege Wirtschaftsfaktor vum Land diskutéiert ginn. D’Ressortministesch Yuriko Backes huet den ekonomeschen Impakt op 9,2 Milliarden Euro chiffréiert, eng 90.000 Aarbechtsplazen an der Groussregioun hänken um Lëtzebuerger Flughafen.

Dofir huet d’Regierung ë.a. decidéiert, fir d’Infrastrukturen an den nächste Joren auszebauen an ze moderniséieren. Dofir gi bis 2029 ë.a. 100 Milliounen Euro neit Kapital an d’Bedreiwerfirma Lux-Airport investéiert. Fir d’Yuriko Backes geet et dobäi och ëm d’Handlungsfäegkeet vum Staat.

Mam neie Skypark Business Center ass iwwerdeems e Schrack gemaach ginn, fir d’Diversitéit an domadder d’Resilienz vum Flughafebedreiwer ze stäerken. D’Renovatioun an d’Modernisatioun vum Flughafe selwer huet schonn ugefaangen a beinhalt ë.a. d’Beliichtung, déi sanitär Anlagen, méi en agreabele Mobilier an d’Integratioun vun den neisten Technologien.

An enger éischter Phas vun zwee Joer ass weider geplangt, fir den Terminal ëm d’Hallschent ze vergréisseren. Dat bedeit och Plaz fir nei Scanner a fir eGates, fir nëmmen déi ze nennen. Fir e bessere Service dierft och eng Digitaliséierung vum Handling vun de Bagage suergen, esou datt d’Leit genee wëssen, wou hir Wallissen dru sinn.

Den Ament huet de Findel 9.000 Parkplazen. Duerch eng méi effikass Organisatioun (z.B. automatesch Erkennung vun den Autosplacken) an duerch déi méi performant Ubannung un den ëffentlechen Transport kann d’Offer verbessert ginn.

Bis 2032 wäerte Lux-Airport (800 Milliounen) an de Staat (200 Milliounen) ronn eng Milliard Euro an d’Infrastruktur stiechen. Ma well de Findel am Joer 2060 definitiv dierft u seng Grenze stoussen, huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes um Krautmaart d’Wichtegkeet vun engem Masterplang ënnerstrach, dee virun zwee Joer lancéiert ginn ass an deen an e puer Méint soll presentéiert ginn. Si huet awer och en Appell gemaach, fir sech Gedanken doriwwer eraus ze maachen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm d’Kooperatiounspolitik, ëm Safeguarding am Sport, ëm Éiwegkeetschemikalie wéi PFAS a villes méi.

weiderliesen...

Méi Schutz a Verantwortung am Sport

Den aktuelle Fall ronderëm d’Fraennationalekipp am Fussball weist, dass gehandelt muss ginn. Dofir huet d’DP-Deputéiert Mandy Minella dëse Mëttwoch an enger Fro un d’Sportsministesch nach emol nogehakt, wou d’Ethik-Charte an den ugekënnegten nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding dru wieren.

weiderliesen...