Wéi wäit sinn d’Aarbechte vum neie Wäimusée zu Éinen?

Den 26. September 2018 gouf de Grondstee fir den Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen geluecht. Zanterhier ass awer net vill geschitt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Ministeren no wou de Schantjen drun ass a wéini den neie Musée wäert opgoen.

« En date du 26 septembre 2018, la première pierre du futur Centre mosellan à Ehnen a été posée. Il a initialement été prévu que le chantier durera environ 2 ans et demi et s’achèvera début 2021. Depuis la crise sanitaire engendrée par la Covid-19, les travaux ont cependant été ralentis et ne pourront apparemment pas être finalisés sous peu.

– Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes :

– Est-ce que le projet du futur Centre mosellan sera toujours réalisé tel qu’il fût planifié ? 

– Dans quelle phase se trouve la construction du futur Centre mosellan ? Quels travaux ont déjà été réalisés ? Quels travaux restent à faire ? Pour quand la finalisation des travaux est-elle prévue ?

– À part le Musée du Vin, est-il prévu de donner d’autres affectations au Centre mosellan réaménagé ?

– Quand pourra-t-on compter avec la réouverture du Centre mosellan ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...