Pim Knaff

De Pim Knaff ass neie President vum GECT

De « Groupement européen de coopération territoriale » tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ass eng Initiativ vum Europäesche Parlament fir d’Kooperatioun an de Grenzregiounen ze verstäerken.

A senger neier Funktioun als President vum GECT, huet den Escher Kulturschäffe Pim Knaff natierlech besonnesch d’europäescht Kulturjoer Esch2022 am Bléck. Dëse bezitt sech jo net eleng op Esch, mee op déi ganz Grenzregioun, mat der Communauté de communes du Pays Haut Val d’Alzette engersäits, an de Gemenge vum Prosud anerersäits.

Eng weider wichteg Prioritéit ass donieft d’Organisatioun vun enger Internationaler Bauausstellung, der IBA Uelzecht-Belval, déi nei an innovativ Konzepter am Beräich vum Urbanismus, der Architektur an der Landesplanung soll virstellen.

Iwwer dee Wee solle kreativ Iddie gesammelt ginn, wéi dës Grenzregioun tëscht Lëtzebuerg a Frankräich an Zukunft soll entwéckelt ginn. D’Zil ass et, dass déi zwou Säite vun der Grenz méi enk zesummewuessen an hir Relatiounen nach méi verdéiwen.

De GECT erstreckt sech op enger Fläch vu ronn 170 km2, op där eng 100.000 Awunner liewen. A ganz Europa ginn et eng 20 sou Groupementer.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...