Firwat huele vu Joer zu Joer manner Gemengen un der Europäescher Mobilitéitswoch deel?

Déi Europäesch Mobilitéitswoch soll d'Leit zu méi nohaltege Mobilitéitsforme wéi dem Auto sensibiliséieren. Well awer vu Joer zu Joer manner Gemengen un dëser Initiativ deelhuelen, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister nogefrot, wourunner dat läit a wéi een den Trend ëmgedréint kéint kréien.

« Chaque année, du 16 au 22 septembre, se déroule la semaine européenne de la mobilité dans un bon nombre de pays en Europe et au-delà, afin de sensibiliser les citoyens à des modes de transport plus durables, en organisant par exemple une journée sans voiture.

Or, force est de constater qu’en 2021 seulement 23 des 102 communes du Luxembourg participeront à cette initiative, tandis qu’en 2008 encore 100 communes s’y étaient inscrites.

Dans ce contexte j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • Quelles sont les raisons pour ce déclin de la participation des communes ?
  • De quelle manière Monsieur le Ministre entend-il encourager une participation plus importante des communes les prochaines années ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...