Wéini gëtt de Clierfer Lycée vergréissert?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass déi aktuell Capacitéite vum Clierfer Lycée net duer géife goen, wat ë.a. d'Klassesäll betrëfft an dowéinst zum Deel am Gank Cours gehal misst ginn. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wou d'Pläng fir eng Vergréisserung vum Lycée dru sinn, a wat kuerzfristeg ënnerholl ka ginn, fir de Problem ze léisen.

« Mir ass säitens der Elterevereenegung vum Clierfer Lycée gesot ginn, datt de Moment ronn 770 Schüler an dëser Schoul ausgebilt ginn, obwuel nëmme 720 Plaze virgesi sinn. An de leschte Joren ass d’Zuel vun de Schüler rasant gewuess, sou datt d’Raimlechkeete méi séier wéi ugeholl gefëllt goufen.

Et geet effektiv mat der aktueller Klassenzuel net duer, sou datt mëttlerweil an der Bibliothéik, am Gank, am Festsall oder an Deeler vun der Proffekonferenz muss Schoul gehale ginn. Viru ronn zwee Joer hat ech gefrot, ob de Ministère fir ëffentlech Aarbechten am Gaang wier um Ausbau vun dëser Schoul ze schaffen an et ass mer präziséiert ginn, datt een 2025 mat neie Gebaier kéint rechnen.

Dofir wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

  • Wou sinn d’Planunge fir de projezéierten Ausbau de Moment drun ?
  • Wéini kéinten d’Bauaarbechten ufänken a wéi laang géifen dës daueren ?
  • Gesäit de Ministère eventuell kuerzfristeg Léisunge vir, fir dem aktuelle Plazdefizit Meeschter ze ginn? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Dréchent zu Lëtzebuerg

Am Mäerz huet et am Verglach zu de Jore virdrun extrem wéineg gereent sou dat d’Biedem aktuell relativ dréche sinn. Eis Deputéiert André Bauler a Luc Emering hunn nogefrot wéi d’Ministesch d’Lag hei zu Lëtzebuerg aschätzt an op verschidde Kulture Gefor lafe laangfristeg geschiedegt ze ginn.

weiderliesen...

Wéi ass d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ?

Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst gëtt, datt si genuch iessen.

weiderliesen...

Méi Rechtssécherheet um Aarbechtsgeriicht ?

Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei der Ausübung vum Aarbechtsgesetz an zu rechtlechen a finanzielle Schwieregkeete fir den Employeur. D’DP-Deputéiert wollten dowéinst vum Aarbechtsminister wëssen, wéi hien den zoustännegen Artikel am Aarbechtsrecht interpretéiert, ob d’Weigerung vum President vum Aarbechtsgeriicht demandes reconventionnelles unzehuelen gesetzeskonform ass an ob eventuell fir méi Rechtssécherheet gesuergt misst ginn.

weiderliesen...