Wéi vill Huefbutteker ginn et zu Lëtzebuerg?

Duerch d‘Pandemie hu vill Leit d’Virdeeler vu regionale Produkter erëm schätze geléiert. Besonnesch d’Kafe vu Fleeschproduiten, Geméis an Uebst, Eeër an och Mëllech direkt um Bauerenhaff schéngt déi lescht Méint zougeholl ze hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi d'Zuel vun den Huefbuttéker déi lescht Joren evoluéiert huet.

Fro:

„Duerch d‘Pandemie hu vill Leit d’Virdeeler vu regionale Produkter erëm schätze geléiert. Besonnesch d’Kafe vu Fleeschproduiten, Geméis an Uebst, Eeër an och Mëllech direkt um Bauerenhaff schéngt déi lescht Méint zougeholl ze hunn. Sief et um Haffbuttek, mat engem Automat, engem Eeër- oder Mëllechfrigo oder enger Mëllechtankstell, d’Kreativitéit vun eise Baueren ass ganz grouss. Meeschtens fonctionéieren dës Verkafsstellen ouni Personal, esou datt de Client d’Suen an eng Këscht geheit oder souguer per Digicash bezilt.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Bauerebetriber féieren ewell en Haffbuttek oder änlech Strukturen nom Prinzip vum Self-Service (Frigo, Automat etc)?
  • Wat fir Produkter ginn am heefegsten ugebueden? Verkafen dës Betriber just Produkter vum eegenen Haff oder och nach aner Produkter? 
  • Wéi huet sech d’Unzuel u Betriber, déi an der Direktvermaartung aktiv sinn, an de leschte Joren entwéckelt?“

Äntwert:

  • Wéi vill Bauerebetriber féieren ewell en Haffbuttek oder änlech Strukturen nom Prinzip vu Self-Service (Frigo, Automat etc.)?

Den Service d’économie rurale huet am Kader vun der Strukturerhiewung 2021 d’landwirtschaftlech Betriber zu hirer Direktvermaartung um Betrib befrot. Dësen Online-Questionnaire gouf vun 1.719 Betriber beäntwert. Dëst entsprécht 92% vun de Betriber am Erhiewungskrees. Dovun hunn 323 Betriber (18,4%) uginn, Direktvermaartung op hirem Betrib ze bedreiwen. Déi folgend Verdeelung weist sech bei de Verkaafsweeër. Dëst stellt d’Unzuel u Betriber duer, déi méi Weeër gläichzäiteg konnten uginn:

Privatverkauf: 212

Hofladen: 97

sonstiger Verkaufsweg (online, Lieferung, …): 81

Verkaufsstand: 39

Markt: 16

Automat: 12

Deemno stellt de private Verkaf dee wichtegste Verkaafswee duer. Dobäi sief awer ze soen, datt dëst och d’Wënzer mat aschléisst, déi hir Produiten ouni Zwëschenhändler verkafen.

Wat d’Schluechte vun Déieren aus der eegener Produktioun, Verschneide vu Karkasse respektiv Produktioun vu Fleeschprodukter um Haff betrëfft, sinn dës Aktivitéite vum « Règlement grand-ducal du 25 novembre 2011 concernant l’abattage à la ferme des ongulés domestiques provenant de cette exploitation, la fabrication de produits à base de viande et la mise sur le marché de ces viandes et de ces produits » ofgedeckt. De Bauer däerf dës Fleesch a Fleeschprodukter just un den Endkonsument zu Lëtzebuerg verkafen.

Momentan si bei der Veterinärsverwaltung 28 landwirtschaftlech Betriber als Selbstvermarkter an dësem Beräich autoriséiert. Dovu sinn der awer 9 Stéck net méi aktiv. Op 9 vun de Betriber ginn nach Déieren um Haff selwer geschluecht, wouvun 2 Betriber Gefligel an déi aner Schwäi respekiv Kalwer schluechten.Déi aner Betriber loossen hir Déieren an engem Schluechthaus schluechten a maachen um Haff just eng Découpe vun de Karkasse respektiv produzéiere Fleeschprodukter.

Mëllechtankstelle sinn der bei der Veterinärsverwaltung 8 enregistréiert.

  • Wat fir Produkter ginn am heefegsten ugebueden?

Verkafen des Betriber just Produkter vum eegenen Haff oder och nach aner Produkter?

Déi folgend Tabelle weist d’Unzuel u Betriber, déi déi eenzel Produite verkafen. Hei konnten d’Betriber méi Produite gläichzäiteg uginn:

PrimärprodukteRindfleisch99
 Eier90
 Kartoffeln58
 Gemüse54
 Obst41
 Geflügelfleisch37
 sonstiges Fleisch33
 Kuhmilch27
 Honig19
 Schweinefleisch16
 sonstige (Blumen, Ziegenmilch,…)21
Verarbeitete ProdukteWeine60
 Fleischprodukte42
 Spirituosen24
 Marmelade22
 sonstige Erzeugnisse (Nudeln, Joghurt,…)39

Et ginn hei souwuel Betriber, déi nëmmen hier eege Saachen ubidden, wéi och der, di Produkter vun aner Produzentekollegen oder och Liewensmëttel vun Handelspartner weiderverkafen. A verschiddene Fäll hunn sech kleng Haffbutteker esou zu klengen Duerfepicerien entwéckelt.

  • Wéi huet sech d’Unzuel u Betriber, déi an der Direktvermaartung aktiv sinn, an de leschte Joren entwéckelt?

Besonnesch zënter dem Ufank vun der COVID-19-Kris huet sech den direkte Verkaf vum Produzent un de Konsument weiderentwéckelt. Esou hu verschidde Betriber dës Vermaartungsméiglechkeeten nei ugefang, mee a ville Fäll hunn dës scho bestan a sinn awer elo ausgebaut ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...