Wéi baufälleg ass den Tuerm vun der aler Dikrecher Brauerei?

Den Tuerm vun der aler Dikrecher Brauerei soll enger Expertise no baufälleg sinn an och ofgerappt ginn, fir dem geplangten Immobiliëprojet Plaz ze maachen. An deem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt.

„Virun e puer Woche stoung an der geschriwwener Press ze liesen, datt och den Tuerm vun deene méi rezente Gebaier (1930er Joren, Bauhausstil mat authenteschem Interieur) vun der aler Dikrecher Brauerei deem geplangten Immobiliëprojet soll Plaz maachen. Dëst soll op eng Expertise hin, déi d’Baufällegkeet vun dësem Tuerm beleeë soll, zeréckgefouert ginn. 

Rezent gouf Kritik zu dësen Iwwerleeunge säitens der Zivilgesellschaft geäussert. Virun allem well opgrond vun der Lëscht vun de klasséierte Gebaier vum Service des Sites et Monuments nationaux sämtlech Gebaier vun der Parzell, op där och dëst Gebai steet, um sou genannten “inventaire supplémentaire” agedroe sinn (“Les immeubles sis 1, rue de la Brasserie, inscrits au cadastre de la Ville de Diekirch, section A de Diekirch, sous le numéro 1305/8198. – Arrêté ministériel du 17 octobre 2011.”) D’Gebaier mam Tuerm stinn also net nëmmen ënner Denkmalschutz, mä erfëllen och eng etlech Krittären, déi fir eng Protektioun schwätzen. 

An dësem Kontext wollt ech folgend Froe stellen:

  1. Firwat däerfen dës Gebaier elo awer ofgerappt ginn? A wat fir engem Mooss sinn se baufälleg? Wéi ass dës Entscheedung am Detail begrënnt ginn?
  2. Nom Brand an der fréierer Zockerfabrick am Abrëll 2021 ass um betraffene Site anscheinend nach näischt geschitt. Konnt d’Brandursaach mëttlerweil gekläert ginn? Wat soll elo mat dësem geschützte Gebai geschéien? Goufen an Tëschenzäit Sécherheetsmoossname beschloss fir d’Bausubstanz virum schlechte Wieder ze schützen (z.B. d’Mauerkroune mat Baatschen ofdecken)? “

Äntwert

  1. Nodeems d’Vertrieder vum aktuelle Propriétaire Etuden zum Zoustand vum Terrain an och vum Bau selwer presentéiert haten, gouf vum Service des sites et monuments nationaux eng Géigenetude an Optrag ginn fir d’Pollutioun vum Baugrond z‘analyséieren. Esou sollt e neutrale Büro eng kritesch Duerchliichtung vun de Miesswäerter an der Verknaschtung opstellen. Dëst Dokument vun engem onofhängegen Expert huet d’Etude, déi vum Proprietaire virgestallt gouf, konfirméiert an doriwwer eraus den Zoustand vum Terrain op deem d’Gebaier stinn nach méi dramatesch erëm geholl. Et huet sech deemno erausgestallt, datt d’Pollutioun um Terrain wou dat méi jonkt Gebai an deemno och den Tuerm vu 1930 steet, extrem héich ass. Eng groussflächeg an déif Depollutioun ass onëmgänglech. Déi opwänneg Sanéierungen an déi komplex Agrëff an de Buedem maachen en Erhalt vun de Gebaier praktesch onméiglech.
  2. Nom Feier si bei der Zockerfabrik Stabilisatiounsaarbechten am Gaang. Op de Baussefassade sinn déi grouss stole Stäipe scho gesat. Och sinn d’Mauerkëppe protégéiert ginn. Am Februar 2021, op enger Visite op der Platz, sinn déi lafend Arbechten heizou scho virgestallt a validéiert ginn.Wann d’Gebai bis bausse komplett konsolidéiert ass, gi bannen d’Arbechten a Ugrëff geholl. Hei muss mat vill Fangerspëtzegefill all dat verbranntent Material an dee ville Knascht deen domadder zesumme geet erausgeholl ginn. Da gëtt d’Gebai weider stabiliséiert an dat misst bis Enn Mäerz 2022 geschitt sinn. Wéi eng konkret Funktiounen an déi al Zockerabrik sollen era kommen ass nach net gewosst. Geschäfter, Büroen a Wunnechte sinn an der Diskussioun. Eréischt wann d’Gebai bis stabiliséiert a propper ass, kann e neien Amenagement definitiv geplangt ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Squatterproblem zu Ettelbréck ?

Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

weiderliesen...

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...