Wéi geet et mat der informatescher Plattform fir den nationalen Energieverbrauch virun?

A Frankräich gëtt et eng informatesch Plattform déi déi aktuell Consomatioun um Stroumsreseau uweist, fir dass d'Leit hire Verbrauch deem upasse kënnen. Zu Lëtzebuerg gesäit d'Gesetz d'Schafe vun enger „plateforme informatique nationale de données énergétiques“ vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wéi d'Aarbechten un där Plattform dru sinn a wéi se soll ausgesinn.

„De franséischen Netzbedreiwer RTE huet zesumme mat der „Agence de transition écologique“ (ADEME) d’Plattform „Ecowatt“ ausgeschafft, déi d’Consomatioun am franséische Stroumreseau permanent iwwerwaacht an uweist, wou a wéini d’Belaaschtung am gréissten ass. Op déi Manéier kréien d’Benotzer en Iwwerbléck wéini déi bescht Momenter si fir verschidden elektronesch Geräter ze benotzen a wéini et manner gënschteg ass.

Zu Lëtzebuerg gesäit dat modifizéiert Gesetz vum 1. August 2007 iwwer d’Organisatioun vum Stroummarché d’Schafe vun enger „plateforme informatique nationale de données énergétiques“ vir.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Ass déi genannte Plattform zu Lëtzebuerg entretemps geschaaft ginn? Wann net, wat wieren d’Grënn a bis wéini soll se operationell sinn?
  • Kann den Här Minister informéieren, wéi eng präzis Funktiounen déi Plattform ubidde soll?
  • Ass virgesinn, d’Donnéeë vun dëser Plattform op déi eng  oder aner Manéier der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen?
  • Wa jo, ass ugeduecht eng mobil Applikatioun z’entwéckelen?“

Äntwert

1. Ass déi genannte Plattform zu Lëtzebuerg entretemps geschaaft ginn? Wann net, wat wieren d’Grënn a bis wéini soll se operationell sinn?

Déi national Energiedateplattform gëtt aktuell implementéiert an ass nach net operationell. Den Transportnetzbedreiwer Creos Luxembourg S.A. huet schonn 2021, zesumme mat deenen anere Stroum- a Gasgestionnairë souwéi de Fournisseuren, mat deenen Aarbechten ugefaangen. Et handelt sech awer ëm en informatesche Projet vu grousser Envergure an enger Planungs- an Entwécklungsphase vun insgesamt e puer Joer. Den Zäitplang gesäit vir, dass di éischt Versioun vun der Plattform am Summer 2023 wäert online goen. Hir komplett Funktionalitéit wäert d’Plattform viraussiichtlech 2026 hunn. Wéi an der zweeter Fro duergestallt, kritt d’Plattform eng Rei Funktionalitéiten di all Acteuren um Energiemaart concernéieren, esou dass dësen Zäitplang fir de Projet duerchaus ambitiéis ass, notamment am Verglach zu änleche Projeten, déi an Norwegen, Dänemark, Estland oder an der Belsch ëmgesat goufen.

2. Kann den Här Minister informéieren, wéi eng präzis Funktiounen déi Plattform ubidde soll?

D’Plattform wäert an éischter Linn d’Roll vun engem zentralen Hub fir déi sougenannte Marchéskommunikatioun iwwerhuelen. Heibäi handelt et sech ëm d’Kommunikatioun tëschent Netzbedreiwer a Fournisseuren, a méiglechen anere Marchésacteure wéi Agrégateuren, duerch déi Prozedure wéi d’Umeldung vun neie Clienten, Clientswiesselen oder Plënnervirgäng vollzu ginn, mee och Verbrauchsdonnéeën iwwerdroe ginn. Dëst iwwert eng zentral Plattform ofzewéckele wäert d’Zouverlässegkeet an d’Effikassitéit vun deenen Echange staark verbesseren, an och d’Datesécherheet verstäerken.

De Client wäert iwwer dës Plattform eng besser Asiicht a seng Energiedonnéeë kréien an eng prezis Kontroll doriwwer wéi eng Donnéeën e mat wéi engen Drëtte well deelen. Dat wäert et innovativen Entreprisen am Energie Beräich méi einfach maachen hir Servicer, z.B. am Beräich vun der Flexibilitéit oder Energieeffizienz unzebidden, déi wäerten de Clienten zegutt kommen an d’Energietransitioun facilitéieren.

Dës Dateplattform wäert et och méiglech maache Statistiken, souwuel fir d’Besoine vun Administratioune wéi dem ILR oder dem Statec, wéi och fir Recherchezwecker (open data) ze erstellen.

Eng Funktionalitéit wéi d’Plattform Ecowatt wäert di Lëtzebuerger Energiedateplattform net direkt ubidden, well se op Marchésdonnéeë baséiert ass, an net op real time Donnéeën di aus deem Beräich vun der Netzbetribplanung kommen.

Et gëtt awer aktuell zesumme mat der Creos ënnersicht, ob eng änlech Applikatioun wéi de franséischen Ecowatt kann zu Lëtzebuerg kuerzfristeg ëmgesat ginn.

3. Ass virgesinn, d’Donnéeë vun dëser Plattform op déi eng oder aner Manéier der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen?

Jo, d’Donnéeë wäerten, a consolidéierter Form, an esou, dass kee Réckschloss op individuell Donnéeë méiglech ass, iwwert den Open Data zur Verfügung gestallt ginn.

Clientë wäerten iwwert d’Plattform och Accès op hir eegen Donnéeë kréien, an och kënnen Drëtten Accès drop ginn (z.b. Energieberoder, Aggrégateur, aner Service provider).

4. Wa jo, ass ugeduecht eng mobil Applikatioun z’entwéckelen?

Am Moment ass ee Web Accès virgesinn, dee selbstverständlech och fir mobil Geräter optimiséiert wäert sinn. Ob eng Applikatioun wäert virgesi ginn, steet nach net fest. Heibäi ass ze bemierken, dass di primär Aufgab vun der Plattform ass Donnéeën de verschiddenen Acteuren zur Verfügung ze stellen. Et ass net de Rôle vun der Plattform dës auszewäerten. Dëst ass eng Aufgab vu Marchésacteuren, déi, soufern de Client dëst erlaabt huet, d’Donnéeë kënnen an hirer eegener App verschaffen an uweisen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...