Agny Durdu – D’Éislek dierf keen Naturreservat ginn

Wann ee mech freet, wou ech wunnen, da soen ech léiwer Hamiville. Heesdref verwiesselen der vill mat Heeschdref bei Walfer, laacht d’Agny Durdu virun hirem Büro op der Haaptstrooss. Net wäit ewech ass si um Bauerenhaff grouss ginn. Haut wunnt si mat hirer Mamm an hirem Brudder do.

D’Schoul huet Prioritéit

D’Liewen zu Heesdref war roueg déi Zäit. Zemol bis 1978 d’Fusiounsgemeng Wëntger entstanen ass. Déi gréisste Gemeng aus dem Land. Déi Zäit sinn iwwerhaapt eréischt Veräiner gegrënnt ginn. Virdru gouf et knapps e Kierchechouer an eisen Dierfer, erënnert sech d’Affekotin.

Beim Bauer muss jiddereen eng Hand mat upaken. Ech hu fréi geléiert schaffen, erënnert sech d’Agny. A well seng Eltere wéinst dem Krich net konnte weider an d’Schoul goen, stoung d’Educatioun bei hinnen un éischter Plaz.

Dofir goung et dunn net an d’Sainte-Marie op Ettelbréck, wou net déi ganz Filière ugebuede ginn ass, ma op de Fieldgen an d’Stad. Dat war eng Ëmstellung, ma kee Probleem, seet d’Agny Durdu: Well d’léiere war fir mech ëmmer e Pleséier. D’Agny wor schliisslech de ganze Lycée bis seng Première D classique um Fieldgen. An dono nach wärend 1 Joer um Centre Universitaire um Lampertsbierg.

Nei Leit kenne léieren

De Choix fir d’Universitéit fällt op Louvain-la-Neuve, fir Droit ze studéieren. E bewosste Choix: Ech hat keng Loscht op eng Stad, wou vill aner Lëtzebuerger Studente waren. Ech wollt eben nei Leit begéinen. Mëtt der 80er waren nach net vill Lëtzebuerger zu Louvain an ech hunn effektiv flott Bekanntschafte gemaach. Um Enn huet d’Agny an engem Haus mat 7 aner Studenten zesummegelieft. 

D’Agny ass all Weekend mam Zuch heem gefuer. A fir zwee Systemer an zwee Länner kennen ze léieren, mecht hatt seng zousätzlech Spezialisatioun an europäeschem Droit zu Stroossbuerg. 

Nom Ofschloss geet d’Agny Durdu an d’Etude vum Maître Albert Rodesch schaffen.

E rouden Tapis fir nei Awunner

An der Famill Durdu ass vu jeehier iwwer Politik diskutéiert ginn. D’Agny war als jonkt Meedche begeeschtert vum Gaston Thorn oder vum Marcel Mart aus der blo-rouder Koalitioun vun 1974-1979. Déi Zäit huet hatt gepräägt: An der Politik si fir mech just déi Blo a Fro komm. Dofir war et keng Iwwerraschung, datt d’Agny 1993 mam Support vum zeréckgetruedene Buergermeeschter Henri Wenkin (Hengche va Weiler) an d’Gemengewale gaangen ass. D’Agny Durdu ass mat 27 Joer direkt Buergermeeschtesch mat enger absolutter Majoritéit ginn.

Déi Zäit ware mir eng Gemeng mat ronn 3.000 Awunner. A jiddereen, de wollt bei eis wunne kommen, krut de rouden Tapis ausgerullt, fir sech eppes bauen ze kënnen. Dat ass awer mat de Joren neméi méiglech gewiescht a mir hunn eis mussen nei organiséieren, esou wéi aner Gemengen am Norden.

1994 – d’Agny Durdu ass antëscht Member an der DP – geet si mat an d’Chamberwalen a réckelt fir de Charel Goerens no, deen an d’Europaparlament wiesselt. Um Krautmaart bleift d’Agny bis 2004 a bekëmmert sech virun allem em d’Dossieren Educatioun, Landwirtschaft an Ekonomie.

Grouss Enttäuschung an neien Challenge

2004 an 2005 muss d’Agny Durdu zwou Defaiten astiechen. Fir d’éischt gëtt si neméi an d’Chamber gewielt an du verléiert si hir Majoritéit an der Gemeng Wëntger, obwuel si nach eemol déi meeschte perséinlech Stëmme krut: Dat louch um Wiessel vum Majorz- zum Proporzsystem an huet mech déif getraff. Ech misst léien, wann ech géing behaapten, datt dat mer näischt ausgemaach hätt. 

No der Defaite vun der DP bei de Chamberwale vun 2004 ass d’Agny Generalsekretärin ginn, huet dee Posten awer 2006 no senger Nominatioun an de Staatsrot opginn. De Staatsrot war eng nei Welt fir mech, well ech d’Dossieren hu mussen aus dem juristeschen an net méi aus dem politesche Bléckwénkel analyséieren. Et ass eng immens beräichernd Aarbecht gewiescht, am Austausch mat de Kolleegen a mat de Beamten. Ech hu ganz vill bäigeléiert.

Vun 2019 bis d’lescht Joer war d’Agny Durdu du Presidentin vum Conseil d’Etat.

Keen Naturreservat

Den Teletravail erlaabt der Agny Durdu haut erëm als Affekot vun doheem aus ze schaffen. Virun der Dier déi vill befueren Haaptstrooss, hannert dem Haus eng idyllesch Vue op d’Éislek mat senge Koppen a Gewaan. 

D’Regioun huet sech immens entwéckelt an de leschte Joerzéngten. An nawell huet d’Agny d’Impressioun, datt op verschidde Plaze probéiert gëtt, fir eng Zort Naturreservat aus dem Norde vum Land ze maachen: Fir mech ass d’Klimafro déi gréissten Erausfuerderung fir eist Land a fir d’Mënschheet, ma dacks kritt een am Detail iwwerdriwwe Barrièren an de Wee gestallt, déi eng gesond Entwécklung ganz schwéier maachen. An dat mécht mech verdrësslech.

Wat fir eng Ziler huet d’Agny Durdu fir d’Zukunft? Mol kucken, seet si an zerwéiert e Stéck Marmerkuch mat Kaffi, de Bléck op hir Sammlung mat Elefanten nieft dem Büro geriicht: Et si staark a gescheit Déieren an trotzdeem si se esou vulnerabel a menacéiert.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Guy Arendt

Eng Digitalisatioun fir all Mënsch

A der Tribune Libre vun der DP huet eisen Deputéierte Guy Arendt dës Woch iwwer d’Wichtegkeet vun der digitaler Inclusioun zu Lëtzebuerg geschwat. Dat heescht iwwer d’Efforten, déi hei am Land geholl ginn, fir datt all Mënsch ka mat an dat neit, digitaalt Zäitalter geholl ginn.

weiderliesen...