An d’Zukunft vun de Mënschen investéieren

D’DP-Ministere Claude Meisch (Educatioun, Kanner a Jugend) a Max Hahn (Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil) hunn de 6. Januar 2026 e breetgefächerte Mesurëpak presentéiert, mat deem besonnesch Familljen a Kanner iwwer déi nächst Jore geziilt entlaascht ginn. Donieft ginn alleguerten déi Leit, déi et am meeschte brauchen, konkret an effikass ënnerstëtzt.

Eng Reform, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dobäi war et der DP bei de Steiere wichteg, datt duerch eng laang Transitiounsphase kee Mensch a keng Famill eppes verléiert.

Mat 4 Mesurë suerge mir fir méi Steiergerechtegkeet, staark Familljen a staark Kanner:

  1. En eenheetlechen a gerechte Steiersystem fir jidderee vun 2028 un. Mat enger eenzeger Steierklass gëtt jiddereen d’selwecht behandelt, ob bestuet oder net, a mir evitéiere finanziell Turbulenzen am Fall vu Schicksalsschléi a Scheedungen.
  2. Steierlech Virdeeler fir Famillje mat Kanner. Duerch en Abattement vu 5.400 Euro pro Joer pro Kand ënner 3 Joer.
  3. Erhéijung vum Kannergeld vun 2027 un. Ëm 45 Euro fir Kanner bis 12 Joer, an ëm 60 Euro fir Kanner ab 12 Joer.
  4. Eenheetlech a méi gënschteg Präiser fir all Forme vu Kannerbetreiung. Duerch eng Reform vum Chèque-service, mat där d’Elteren insgesamt ëm 79 Milliounen Euro entlaascht ginn.

Mat 4 Mesurë suerge mir fir sozial Gerechtegkeet an d’Bekämpfung vun der Aarmut zu Lëtzebuerg:

  1. Sozial Upassung vun den Tarifer vun der Kannerbetreiung. Esou dass déi éischt 24 Stonne fir Eltere mat engem Salaire bis 3 mol de Mindestloun wäerte gratis sinn.
  2. Cibléiert Hëllef fir Kanner am Schoulalter. Mat bis zu 3.000 Euro pro Kand a pro Joer fir Famillje mat klengem Akommes.
  3. Bekämpfung vun der Altersaarmut. Mat enger Primm fir eeler Leit mat klengem Akommes, déi bis zu 2.400 Euro pro Joer ausmécht.
  4. Vereinfachten an zum Deel automatiséierten Zougang zu finanziellen Hëllefe fir bedürfteg Leit a Familljen. Mat eenheetleche Critèrë fir den Accès zu direkt e puer Aidë beieneen, déi dann och méi einfach, méi séier an, a verschiddene Fäll, och automatesch kënnen ausbezuelt ginn.

Dëst si konkret Mesuren, déi de Mënschen am Alldag hëllefen, d’Famillje finanziell entlaaschten an de Kanner besser Zukunftschancë ginn. Dofir engagéiert d’Demokratesch Partei sech an der Regierung, mat wichtegen zousätzlechen Investissementer an d’Zukunft:

  • 900 Milliounen Euro pro Joer fir eng Steierreform, déi all Familljemodell respektéiert an de Leit Stabilitéit gëtt. Och wann d’Liewe sech ännert.
  • 250 Milliounen Euro pro Joer fir eng Erhéijung vum Kannergeld an eng Familljepolitik, déi d’Eltere méi staark finanziell ënnerstëtzt.
  • 300 Milliounen Euro pro Joer fir eng bezuelbar Kannerbetreiung, déi gutt Zukunftschancë fir all Kand bitt. 

D’Demokratesch Partei steet fir eng modern, gerecht Gesellschaft, an där d’Liewe bezuelbar bleift an d’Zukunft fir jiddereen op ass.

Am Detail

Eenheetlech Steierklass

Vum 1. Januar 2028 u gëtt et nëmmen nach eng eenzeg Steierklass. Dëse Paradigmewiessel geet zeréck op eng DP-Iddi, déi der Realitéit an eiser Gesellschaft Rechnung dréit. D’Zesummeliewe vun de Leit huet sech an de leschte Joerzéngten nämlech grondleeënd geännert. Duerch dëse gerechte Steiersystem gëtt jiddereen d’selwecht behandelt, egal ob bestuet oder net, an et gi keng finanziell Turbulenze méi am Fall vu Schicksalsschléi oder Scheedungen.

Dat ass Politik, déi sech dem Liewen upasst mat enger Steierreform, bei där déi grouss Majoritéit vun de Steierzueler Gewënner ass. Mat der neier, eenheetlecher Steierklass gëtt de steierfräie Grondbetrag op 26.650 Euro gehuewen (aktuell 13.230 Euro an der Steierklass 1), sou dass den duerchschnëttleche Steiersaz däitlech fält. D’Reform kënnt virun allem deenen zegutt, déi aktuell nach an d’Steierklassen 1 – also besonnesch jonke Leit – an 1a falen. Ongeféier 85% vun de Steierzueler, déi den Ament nach an der Steierklass 2 besteiert ginn, kommen och besser ewech. 

Dobäi war et der Demokratescher Partei wichteg, datt et beim Wiessel op den neie System eng laang Transitiounsphase gëtt. Koppelen, déi bis 2028 zesumme besteiert ginn, kënnen och duerno nach 25 Joer laang vum Tarif vun der aktueller Steierklass 2 – also vum Splitting – profitéieren, mee si kënnen awer och wiesselen. Et verléiert keen eppes. A wann de Partner wärend der Iwwergangsphase sollt ewechfalen, gëtt den Tarif vun der Steierklass 2 duerno nach 5 Joer laang bäibehalen, amplaz nëmmen 3 Joer, wéi dat bis elo de Fall ass.

Ënnerstëtzung fir Elteren – egal ob se zesummen oder getrennt wunnen – a Monoparentaux gëtt et ënner anerem duerch steierlech Erliichterungen an Héicht vu 5.400 Euro d’Joer fir all Kand ënner 3 Joer. De Steierkredit fir Elengerzéiend klëmmt op 4.008 Euro d’Joer, an den Abattement fir Kanner, déi net zum Menage gehéieren, klëmmt op 5.928 Euro d’Joer. Och d’Plaffongen, fir Zënsen, Assurance-Primmen a -Cotisatiounen ofzesetzen, klammen. D’Akommesgrenz fir dat steierlecht Ofsetze vun aussergewéinlechen an onvermeidbare Chargë gëtt däitlech erhéicht, fir dass keen iwwerméisseg belaascht gëtt.

Mat der Steierreform gëtt och e Mechanismus agefouert, mat deem d’Steiertabell reegelméisseg, an zwar no 3 Indextranchen, un d’Inflatioun ugepasst gëtt.

Erhéijung vum Kannergeld

Biergerinnen a Bierger, déi keng Steiere bezuelen, ginn net vergiess. Et geet der DP ëm sozial Gerechtegkeet, an ëm d’Entlaaschtung vun de Familljen. Dofir geet d’Kannergeld 2027 substanziell an d’Luucht:

  • 0-5 Joer         307,35            +45     = 352,35 Euro de Mount
  • 6-11 Joer       330,58            +45     = 375,58 Euro de Mount
  • ab 12 Joer     365,34            +60     = 425,34 Euro de Mount

Dobäi kënnt d’Erhéijung vun der Allocation de rentrée scolaire:

  • 6-11 Joer       115      +60    = 175 Euro
  • ab 12 Joer     235     +90     = 325 Euro

Nei ass eng finanziell Stäip fir Kanner, déi an der Schoul sinn:

  • 4-5 Joer         300 Euro d’Joer
  • 6-11 Joer       1.000 Euro d’Joer
  • 12-24 Joer     3.000 Euro d’Joer

D’Regierung koppelt donieft all d’Leeschtunge vun der Zukunftskeess un den Index, an et kënnt eng véiert Tranche bei de Primes de naissance bäi.

Dat ass e kloert Zeechen an der Lutte géint Kanneraarmut. Onofhängeg vun der Situatioun vun den Eltere soll all Kand e gudde Start an d’Liewe kréien.

Am Kader vum Nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut goufen am Dezember nach weider Mesurë virgestallt, fir benodeelegte Mënschen ënner d’Äerm ze gräifen. Dozou gehéiert eng Primm fir eeler Leit mat klengem Akommes vu bis zu 2.400 Euro d’Joer. Den Zougang zu finanziellen Hëllefe fir bedürfteg Leit a Famillje soll donieft vereinfacht an deels automatiséiert ginn, mat eenheetleche Critèrë fir den Accès zu direkt e puer Aidë beieneen. Déi kënnen dann och méi einfach, méi séier an deemno wéi automatesch ausbezuelt ginn.

Gutt a bezuelbar Kannerbetreiung

D’Demokratesch Partei suergt am Kader vun dëser Reform fir gerecht Zukunftschancë fir d’Kanner, andeems de Chèque-service accueil vun 2027 un nei ausgeriicht gëtt. Dat heescht finanziell Entlaaschtung vu bis zu e puer dausend Euro d’Joer pro Stot, jee no Situatioun, plus qualitativ Verbesserungen.

Eng nei, eenheetlech a méi fair Facturatioun orientéiert sech un der reeller Präsenz vun de Kanner. Et dierfen also keng Supplemente méi verrechent ginn. Donieft kënnt eng eenheetlech Tarifikatioun an allen Erzéiungs- a Betreiungsservicer bäi.

De Barème vum Chèque-service accueil gëtt fir Stéit mat niddregem Revenu ugepasst. Fir géint d’Kanneraarmut virzegoen, gi besonnesch Stéit mat engem Akommes vu bis zum 3,5-fache soziale Mindestloun geziilt finanziell entlaascht. Dobäi kommen 20 gratis Stonnen d’Woch fir Kanner (1 bis 4 Joer), déi vun Assistants parentaux betreit ginn. Am Ganze spueren d’Famillje ronn 79 Milliounen Euro d’Joer.

Mat der Reform gëtt och an d’Qualitéit vun den Offeren investéiert, andeems zum Beispill de Betreiungsschlëssel verbessert gëtt. D’Gruppen an den SEA-Strukture gi méi kleng, wat eng besser, individuell Betreiung garantéiert. 

Nei Reegelen an eng verstäerkte Gouvernance brénge méi Transparenz an eng besser Steierung vun de Mesuren, fir sécherzestellen, datt d’Investissementer och wierklech de Kanner zegutt kommen. D’Zil ass d’Bäibehale vun enger héijer Qualitéit an alle Forme vun der non-formaler Betreiung. Donieft soll all Kand vum Joer 2030 un eng garantéiert Plaz an enger Crèche oder an enger Maison-relais hunn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Paradigmewiessel an der Lutte géint d’Aarmut

An der Tribune Libre vun der DP um Radio hunn eis Deputéiert Mandy Minella a Gilles Baum iwwer den Aktiounsplang fir d’Preventioun an d’Lutte géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg geschwat: Eng Initiativ vun der DP, déi et bis elo net hei am Land gouf, an déi e Paradigmewiessel am Kampf géint d’Aarmut duerstellt.

weiderliesen...

Nohalteg Energie ass absolut noutwendeg

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Buergermeeschter vu Mäerzeg, Mike Poiré, iwwer d’Noutwendegkeet vun enger konsequenter Klimapolitik, déi d’Land mat nohalteger Energie versuergt. Fir de President vun der DP Norde mussen dofir och d’Effikassitéit vun der Technik an d’Prozedure verbessert ginn.

weiderliesen...

Eng modern Steierreform, déi eiser Zäit entsprécht

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt eisen Deputéierten a Stater Schäffe Patrick Goldschmidt iwwert déi geplangte Reform vun de Steierklassen zu Lëtzebuerg. Eng laang Fuerderung vun der DP, déi de Lëtzebuerger Steiersystem moderniséiert an der Manéier entsprécht, wéi d’Leit an eiser Gesellschaft haut zesummeliewen.

weiderliesen...

Nei Traditioun am Summer

Den Donneschdeg, 4. September 2025 war den alleréischte Fouerpatt vun der Demokratescher Partei. Um relaxen Afterwork “am Stall” konnt ee gemittlech schnëssen a mat Fingerfood

weiderliesen...