Apotheke

An Zukunft méi Apdikten zu Lëtzebuerg?

De Wuesstum vun der Bevëlkerung féiert zu enger klammender Nofro a ville Beräicher. D’Nofro vu Medikamenter an assimiléierte Produiten ass ee vun deene Beräicher. An deem Kader hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler bei der Gesondheetsministesch, ënnert anerem nogefrot ob an dësem Joerzéngt virgesi wier de Contingent vun den Apdikten eropzesetzen.

« Il va sans dire que la croissance démographique de ces dernières années fait croître les demandes sur les plans les plus divers. Ainsi le nombre de pharmacies a été révisé à la hausse depuis le début du siècle afin de faire face aux demandes de la population en matière d’approvisionnement en médicaments et produits assimilés. 

Voilà pourquoi nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Santé :

  • Quel est le nombre de pharmacies qui exercent actuellement au Luxembourg ?
  • Est-il prévu d’augmenter le contingent des pharmacies au cours de cette décennie ?
  • Dans l’affirmative, quel sera le nombre programmé par le ministère de la Santé ?
  • Quels sont les critères retenus pour décider de l’implantation d’une officine en une région déterminée ?
  • Dans quels cantons ou communes du pays le ministère prévoit-il d’établir une ou plusieurs nouvelles pharmacies ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...