Ass et méiglech, Mini-Wandanlagen bei sech doheem opzeriichten?

Nieft PV-Anlage si kleng Wandturbinen eng gutt Méiglechkeet, doheem säin eegene Stroum ze produzéieren. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, ob dëst erlaabt ass an ob de Staat och Subsiden fir méi kleng Wandanlage gëtt.

„Den Ausbau vun den erneierbaren Energien ass eng vun de Prioritéite vun der Regierung am Kampf géint de Klimawandel. Eng interessant Pist ass de Modell vum Prosumer, also der Produktioun a Consommatioun vun Energie op lokalem Niveau, deen duerch d’Regierung och schonn op déi eng oder aner Manéier ënnerstëtzt gëtt.

D’Autoconsommatioun vun nohaltegem Stroum beschränkt sech allerdéngs am Moment op PV-Anlagen, wärend Wandkraaft éischter am Kader vu grousse Wandparke genotzt gëtt.

Déi spuenesch Firma Vortex Bladeless huet eng Turbinn entwéckelt, deen duerch de Wand a Schwéngung geréit an op déi Manéier Stroum produzéiert. De Modell ass mat maximal 3 Meter Héicht däitlech méi kleng ewéi normal Wandrieder a kéint och ënner gewësse Konditiounen z.B. um Daach vu Büroen oder Wunnhaiser installéiert ginn.

Donieft gëtt et um Marché och e grousse Choix u vertikale Wandturbinnen, déi geneesou fir d’Stroumproduktioun a klengem Moossstaf agesat kéinte ginn an PV-Anlagen ergänze kéinten.

An deem Kader wollte mir der d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

  • Ass d’Regierung au courant vun dëse Wandturbinnen?
  • Ginn et Iwwerleeungen, ënner gewëssen Ëmstänn d’Installatioun vun esou Wandturbinnen mat méi niddreger Leeschtung z.B. doheem um Daach oder am Gaart ze erlaben? Wa jo, wat wieren d’Konditiounen?
  • Ass d‘Regierung bereet, esou Wandturbinnen, änlech ewéi PV-Anlagen, ze subventionéieren? Wann net, firwat net?“

Äntwert

– Ass d’Regierung au courant vun dëse Wandturbinnen?

De Sujet vu klenge Wandanlagen ass de betraffene Ministère bekannt, an an der Vergaangenheet goufen och schonns Entwéckler vu sou Mini-Wandanlagen ënnerstëtzt. Och si vereenzelt sou Anlagen hei am Land opgeriicht ginn. Wat de spezifesche Fall vu Vortex Bladeless ugeet, sou leien dem Minister zoustänneg fir Energie keng präzis Demarchen oder Informatioune vir.

– Ginn et Iwwerleeungen, ënner gewëssen Ëmstänn d’Installatioun vun esou Wandturbinnen mat méi niddereger Leeschtung z.B. doheem um Daach oder am Gaart ze erlaben? Wa jo, wat wieren d’Konditiounen?

Wann een esou eng Anlag wëll opriichten, gëtt et jee no Anlag an no Plaz wou se soll opgeriicht ginn, verschidden Obligatiounen, wéi z.B.

–    eng Baugeneemegung,

–    eng Geneemegung opgrond vum Naturschutzgesetz beim Opriichten innerhalb vun enger Gréngzone,

–    eng Geneemegung opgrond vum Kommodosgesetz (nëmme Wandturbinnen/Wandanlage mat iwwert 100 kVA, wat dann 80 kW installéierter Leeschtung géing entspriechen, brauchen eng Kommodosgeneemegung, fir méi kleng Anlage gesäit d’Kommodosgesetz keng Obligatioune vir).

Onofhängeg vun deenen Obligatiounen ass et och wichteg, bei esou Anlagen op d’Schallemissiounen (dB Wäerter) opzepassen, genee sou wéi op déi technesch Uschlossbedingunge vum Netzbedreiwer.

– Ass d‘Regierung bereet, esou Wandturbinnen, änlech ewéi PV-Anlagen, ze subventionéieren? Wann net, firwat net?“

Fir d’Wandkraaft ginn et 2 finanziell Ureizer déi och fir kleng Wandanlage gëllen:

  • engersäits eng Hëllef op der Investitioun fir Betriber (déi beim Wirtschaftsministère ugefrot ka ginn) iwwert den Artikel 9 vum Staatshëllefgesetz vum 15. Dezember 2017;
  • an anerersäits den Aspeisetarif (vum Energieministère) deen am Reglement iwwert d’Produktioun vu Stroum op Basis vun erneierbaren Energië virgesinn ass.

Et ass och ervir ze hiewen, datt grouss Wandturbinnen däitlech méi Stroum produzéieren, wéi des kleng an d’Regierung dowéinst virun allem op den Ausbau vun dëse setzt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...