Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert, mat deenen d’Gehälter vun de fräiwëllegen Zaldotinnen an Zaldote verbessert ginn an och d’Indemnitéiten an Avantagen, déi souwuel fräiwëlleg (*) wéi och Beruffszaldoten (**) am Kontext vun hirer Bedeelegung un Trainings- an Instruktiounsexercicer kréien.

D’Lëtzebuerger Arméi wäert an Zukunft nach méi Wäert op kompetent, gutt ausgebilt an engagéiert Personal leeën, huet de President vun der Verdeedegungskommissioun um Krautmaart ënnerstrach. Ëmsou méi wichteg ass eben och eng deementspriechend finanziell Unerkennung fir déi fräiwëlleg Zaldoten. 

Dofir gëtt de Basis-Sold vun de fräiwëllegen Zaldotinnen an Zaldoten ëm op d’mannst 530 Euro de Mount erhéicht, fir esou op d’mannst dem Niveau vum onqualifizéierte Mindestloun z’entspriechen. Aktuell ass deen Niveau eréischt no 18 bis 24 Méint erreecht ginn. Dobäi kënnt och eng Hausse vun 83 Euro d’Joer vun der Anciennetéitsmajoratioun. Um Enn vum Fräiwëllegendéngscht vun aktuell véier Joer hunn d’Zaldoten eng Demobiliséierungsprimm zegutt. Mam neie Gesetz klëmmt déi Primm ëm 2.212 Euro op 14.278,3 Euro. Fir all Joer Re-engagement klëmmt d’Primm ëm 15 Indexpunkten.

Mam zweete Gesetz ass een neie Kader geschaaft gi fir d’Avantagen an d’Indemnisatiounen, déi eis Zaldote fir hir Bedeelegung un Trainings- an Instruktiounsaktivitéiten an u verschiddenen nationalen operationellen Engagementer kréien. Nei ass, datt déi fräiwëlleg Zaldotinnen an Zaldoten an Zukunft och heivunner kënne profitéieren. Dat war bis elo just de professionellen Zaldote virbehalen. D’Indemnitéite sinn am Kader vum Gesetz no uewen ugepasst ginn. Fir d’Beruffszaldote bedeit dat eng Hausse vu 5,10 op 11,50 Indexpunkten, fir déi fräiwëlleg Zaldotinnen an Zaldoten eng Hausse vun 2,55 op 6,50 Punkten. 

(*) Beruffszaldotinnen an -zaldoten duerchlafen no der respektiver Rekrutementsprozedur an hirer Basisausbildung och eng speziell militäresch Ausbildung (Offizéierschoul, Ënneroffizéierschoul, …). Beruffszaldoten hu Responsabilitéitsposten a sinn entweder an der Offizéierskarriär (A1 & A2), der Ënneroffizéierskarriär (B1 & C1) oder an der Kaporalskarriär (C1 & C2).

(**) Fräiwëlleg Zaldoten engagéiere sech fir eng limitéiert Basisdauer, déi den Ament nach bei véier Joer läit. Duerno, respektiv no enger eventueller Verlängerung am Kader vun engem Re-engagement, ass de Militärdéngscht vun engem fräiwëllegen Zaldot fäerdeg. Am Kader vum Mesurëpak Recrutement et attractivité de l’Armée, deen d’Ressortministesch Yuriko Backes am Dezember virgestallt huet, ass virgesinn, d’Basisdauer vum Fräiwëllegendéngscht op fënnef Joer z’erhéijen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...