Chamberwalen 2023: D’DP Süden proposéiert dem Comité Directeur hir 23 Kandidatinnen a Kandidaten

Haut den Owend huet de Bezierkscomité Süden dem Comité Directeur vun der DP seng 23 Kandidatinnen a Kandidate fir d’Chamberwale vum 8. Oktober 2023 virgeschloen. Déi regional Spëtzekandidate sinn de Claude Meisch an de Max Hahn.

Den Altersduerchschnëtt vun der DP-Lëscht läit bei 42 Joer.

  • Claude Meisch, Spëtzekandidat, Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Minister fir Héichschoul a Fuerschung, 51 Joer, Déifferdeng
  • Max Hahn, Spëtzekandidat, Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir d’Groussregioun, 42 Joer, Betteng op der Mess
  • Barbara Agostino, Deputéiert, Conseillère, Foraine, 41 Joer, Rolleng
  • Michael Agostini, President Jonk Demokraten, Diplomingenieur, 33 Joer, Esch/Uelzecht
  • Gabriella Biagioni, Geschäftsfra, 60 Joer, Zolwer
  • Sven Bindels, Conseiller, Staatsbeamte bei der Post, 44 Joer, Mamer
  • Nancy Braun, Coordinatrice Esch2022, 51 Joer, Stad Lëtzebuerg
  • Elisabeth da Silva, Conseillère, Directrice adjointe EIDE, 49 Joer, Déifferdeng
  • Jeffrey Drui, Conseiller, Finanzexpert, Dozent op der Universitéit, 30 Joer, Schëffleng
  • Luc Emering, Schäffen, Agrar-Ingenieur, 26 Joer, Sprénkeng
  • Maryse Frantzen, Conseillère, Employée op enger Bank, 33 Joer, Olm
  • Gusty Graas, Deputéierten, Schäffen, 65 Joer, Beetebuerg
  • Jérôme Hautus, Conseiller, Bëschaarbechter, 28 Joer, Këntzeg
  • Pim Knaff, Deputéierten, Schäffen, Affekot, 57 Joer, Esch/Uelzecht
  • Lou Linster, Buergermeeschter, Ingénieur-conseil, 31 Joer, Leideleng
  • Marc Meyer, Conseiller, Staatsbeamten, 43 Joer, Diddeleng
  • Marc Meyers, Member vum Staatsrot, Direkter vum Conservatoire de la Ville de Luxembourg, 49 Joer, Bierchem
  • Mandy Minella, professionell Tennisspillerin, 37 Joer, Lampech
  • Felix Mores, Employé am Privatsecteur, 31 Joer, Käl
  • Mireille Roemer, Conseillère, Employée CFL, 51 Joer, Äischen
  • Sheila Schmit, fräiberufflech Hiewan, 42 Joer, Diddeleng
  • Daliah Scholl, Conseillère, diploméiert Flüttistin, Enseignante an enger Muséksschoul, 49 Joer, Esch/Uelzecht
  • Amela Skenderovic, Enseignante, 27 Joer, Esch/Uelzecht

Laut de Statutte vun der DP, ass et um Comité Directeur, fir iwwer d’Virschléi aus de Bezierker ze befannen. Déi 60 Kandidaten an d’Campagne vun der DP fir d’Chamberwalen 2023 ginn e Samschdeg, de 15. Juli, um 11 Auer, am Atelier (54, rue de Hollerich, L-1740 Luxembourg) presentéiert.

Matgedeelt vun der DP Süden.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...