Gilles Baum

D’Betriber um Liewen halen an d’Kafkraaft vun de Leit stäerken

E leschte Mëttwoch ass de gréissten Deel vum sougenannte Krisepak an der Chamber gestëmmt ginn. De ganze Pak huet eng historesch Envergure vun iwwer 830 Milliounen Euro. D’Majoritéit hëlleft de Leit an der Wirtschaft esou, d’Energiekris an déi dorausser resultéierend Inflatioun ofzefiederen.

D’Solidaritéit ass de Leitmotiv vun de Moossnamen. Kee soll am Ree stoe gelooss ginn. Weder d’Biergerin an de Bierger, nach d’Wirtschaft.

Mam Ëmsetze vum 1. Deel vum Tripartite-Accord gëtt d’Kafkraaft vun de Salariéen, den Independanten, de Pensionären, de Léiermeedercher an de Léierbouwen duerch e Steierkredit « Energie » vu 530 Milliounen Euro kompenséiert. Dat ass e substantiellt Zeechen, mat deem de Pouvoir d’achat zu Lëtzebuerg soll beschtméiglech gestäipt ginn. Et geet virun allem em d’Stéit mat niddregem a mat mëttlerem Akommes, deenen hire Kafkraaftverloscht kompenséiert oder esouguer iwwerkompenséiert gëtt.

Mat enger anerer Mesure wëlle mer de Betriber Previsibilitéit garantéieren: Dofir leien elo 12 Méint tëschent 2 Indextranchen.

Donieft ass eng Energieprimm fir besonnesch vulnerabel Leit agefouert ginn, an d’Indexéierung vum Kannergeld bleift bestoen. D’Studentebäihëllefe sinn erhéicht ginn.

Ech wëll awer och un dat zäitlech begrenzten Afréiere vun de Loyere bis d’Enn vum Joer erënneren, an datt d’Regierung schonn d’Präisser um Bensinn, Diesel a Masutt em 7 an en hallwen Cent erofgesat huet. Aner, geziilten Upassunge – z. b. d’Erhéijung vun der Subventioun loyer – sinn iwwerdeems um Instanzewee.

Léif Nolauschterinnen,

Léif Nolauschterer,

Wann ech virdru vu Steierkreditter fir Privatleit geschwat hunn, mat deenen d’Verréckele vun enger Indextranche kompenséiert gëtt, da wëll ech kuerz 3 Beispiller dofir ginn, wat dat ganz konkret fir de Portmonni bedeit.

Eng Persoun an der Steierklass 1 mam onqualifizéierte Mindestloun kritt 41,76 Euro méi eraus, wéi wann den Index ausbezuelt géif ginn.

Bei enger monoparentaller Famill an der Steierklass 1a, mat 4.200 Euro brutto Gehalt, sinn et 29,16 Euro méi.

A bei enger beruffstäteger Koppel an der Steierklass 2, mat engem Salaire vun 3.000 a vun 3.500 Euro, kommen 43,73 Euro méi eraus.

Dir gesitt, bei den ënneschten Akommes ass et e Plus vis-à-vis vun enger Indextranche. Doriwwer eraus gëtt de Steierkredit – am Géigesaz zur Indextranche – net besteiert.

Et ass natierlech esou, datt kee vun eis weess, wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt. Wann et awer zu enger weiderer Verschlechterung sollt kommen, da kënnt d’Regierung erëm eng Kéier mat de Sozialpartner zesummen, fir weider Mesuren ze diskutéieren.

Bis dohinner ass elo mol de gréissten Deel vum Krisepak ëmgesat, fir eis Betriber um Liewen ze halen a fir d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken.

  • Dat ass den Engagement vun der DP an dozou sti mir.
  • Dat wor vun Ufank un d’Zil vun der DP an dozou sti mir.
  • Fir d’DP ass, war a bleift et essentiell, de Leit an de Betriber ënnert d’Ärem ze gräifen.
  • Nëmmen esou kënne mer déi gesellschaftlech Kohäsioun am Land garantéieren. Dat ass a bleift d’Iwwerzeegung vun der DP (an deemno handele mer och).

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...