All Kand soll an der Schoul d’Méiglechkeet kréien, seng Talenter z’entdecken a seng Zukunft mat Vertrauen unzegoen. Dat ass de roude Fuedem vun der Bildungspolitik, déi den Educatiounsminister Claude Meisch zanter Jore verfollegt. D’Prioritéite fir d’Rentrée 2026/2027, déi dësen Donneschdeg presentéiert goufen, bauen dorop op: eng Schoul, déi der Villfalt vun de Kanner gerecht gëtt, si geziilt ënnerstëtzt an hinne staark Grondlage fir d’Liewe vermëttelt.
Déi rezent PISA-Resultater weisen, datt mir beim Liesen, an der Mathematik an an den Naturwëssenschafte weider Efforte brauchen. D’Schoul iwwerhëlt dobäi duerch eng duerchduechte Bildungspolitik hir Verantwortung: mat ugepasste Léierweeër, guddem Material a méi Ënnerstëtzung am Alldag. Gläichzäiteg ass et eng gemeinsam Aufgab an der Gesellschaft, Kanner an enger Welt am Wandel gutt ze begleeden. Schoulen, Elteren, Betreiungsstrukturen a Veräiner droen all dozou bäi.
Méi Sproocheweeër fir méi Chancen
Déi sproochlech Villfalt gehéiert zu Lëtzebuerg. Dofir gëtt d’Schouloffer schonn zanter Jore méi breet opgestallt, ënner anerem mat den ëffentlechen Europaschoulen. Vun dësem Schouljoer u kënnen d’Eltere vu Kanner am Cycle 1.2, begleet vum Enseignant, elo zousätzlech wielen, ob hiert Kand am Cycle 2 op Däitsch oder Franséisch liesen, schreiwen a rechne léiert. D’Kanner bleiwen dobäi zesummen an enger Klass, an d’Lëtzebuergescht bleift déi gemeinsam Sprooch.
Am Lycée gëtt d’Offer u franséischsproochege Klassen ausgebaut. Vun 2027/2028 u sinn och däitschsproocheg Sektiounen am Classique als Pilotprojet virgesinn. D’Programmer an d’Ufuerderunge bleiwen déi selwecht. D’Sprooch soll de Schüler den Zougang zum Léieren erliichteren. Donieft soll en nationalen Aktiounsplang d’Lieskompetenz an d’Freed um Liesen dauerhaft fërderen, an der Schoul an doriwwer eraus.
Och e bewossten Ëmgang mam Digitalen mat méi Zäit fir Beweegung, Kreativitéit a Frënn gëtt ëmmer méi wichteg. Opbauend op de Smartphone-Reegele vun 2025 proposéiert de Minister e generellt Verbuet an den ënneschte Lycéesklassen. Dës Propositioun gëtt mat de Schoulpartner diskutéiert. Gläichzäiteg kréien d’5e-Klassen eng drëtt Sportsstonn pro Woch. De Programm Creative Lab mécht zousätzlech kulturell a kreativ Aktivitéite méiglech.

Ënnerstëtzung, déi bei de Kanner ukënnt
Den neie Léierplang fir d’Grondschoul ass d’Resultat vun enger breeder Virbereedung: Ronn 1.200 Acteuren aus Enseignement a Gesellschaft hunn doru matgewierkt, an e gëtt dëst Schouljoer an de Cyclen 1 an 2 agefouert. D’Cyclen 3 a 4 kommen d’Joer drop dobäi. Déi bestoend Fächer ginn duerch Theeme wéi Medien, Gesondheet an demokratescht Zesummeliewe verbonnen. Fächer, Stonnepläng an Evaluatiounsprinzippie bleiwen erhalen.
Fir Kanner mat spezifesche Besoine ginn déi spezialiséiert Ekippe verstäerkt an d’Offer vun de Kompetenzzentre méi no bei d’Famillje bruecht. Ronn 270 zousätzlech Poste goufen 2026 am Beräich vun der schoulescher Inklusioun geschaf. Dat hëlleft de betraffene Kanner a stäerkt d’Enseignanten an hirer deeglecher Aarbecht.
Déi progressiv Verlängerung vun der Schoulflicht op 18 Joer gëtt mat méi individueller Begleedung verbonnen. Zousätzlech Offeren hëllefe Jonken, déi riskéieren ofzebriechen oder nach keng Léierplaz fonnt hunn, eng Perspektiv opzebauen.
Fir d’DP gehéieren dës Schrëtt zesummen: Kanner an hirer Entwécklung stäerken, d’Leit um Terrain ënnerstëtzen an all Jonkem eng reell Chance op eng gutt Zukunft ginn.



