DP-Lëntgen

D’DP huet elo och eng Sektioun an der Gemeng Lëntgen

Zanter Oktober 2020 huet och déi leschte Gemeng aus dem Uelzechtdall eng DP-Sektioun. 2023 wäert zu Lëntge bei de Gemengewale fir d’éischte Kéier nom Proporzsystem gewielt ginn. Fir d’DP ass et dofir wichteg, sech elo scho gutt opzestellen.

Bal 20% vun de Wieler hunn hei bei de leschte Chamberwalen der DP hir Stëmm ginn. Si kënnen elo bei den nächste Gemengewalen d’DP-Kandidate wielen, déi déi liberal Wäerter och um lokalen Niveau héichhalen.

Lëntge wäert och an den nächste Jore wuessen. Fir d’DP-Sektioun ass et dofir wichteg, datt d’Infrastrukture fréizäiteg un dee Wuesstem ugepasst ginn, fir datt een herno net am Verkéier erstéckt. Déi nei Sektioun setzt sech och dofir an, datt Lëntgen eng ëffentlech Toilette an en Trim-Parcours kritt.

En anert Uleies vum neie Comité ass méi en attraktiven Duerfkär mat enger Plaz fir Jonk an Al: E Kiosk, Beem, Planzen a Bänke sollen déi trist Wiss matten am Duerf verschéineren. Fir d’DP-Lëntgen géif esou en Zentrum, wou ee Fester kéint feieren, erëm Liewen an d’Duerf bréngen.

Christiane Rischard-Haag: éischt Presidentin vun der DP-Lëntgen

Christiane Rischard-Haag

D’Christiane huet iwwer 30 Joer laang am Service Finance vun der Post geschafft an huet niewebäi eng Immobilière geréiert. Zanter dësem Joer ass hatt pensionéiert an huet mat der Grënnung vun der DP- Lëntgen d’lescht Joer eng nei Erausfuerderung am Liewen ugeholl.

D’Christiane ass bestuet an huet 2 erwuesse Kanner. Seng 2 Muppen, de Snoopy an den Nougat, a seng Kaz Tiger halen hatt donieft op Trapp. D’Christiane war fréier ganz aktiv am Päerds- an am Hondssport. Déi leidenschaftlech Hobbykächin verbréngt awer och vill Zäit hannert dem Smoker.

Déi nei Sektiounspresidentin huet eng kloer Motivatioun, firwat si sech fir d’Allgemengheet zu Lëntgen asetzt: „Wann een d’Leit gären huet, mécht et Spaass, sech politesch z’engagéieren“.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Bäihëllefen am Logement geréieren

Dat nächst Joer gëtt aus dem Service des aides au logement – dee bis elo am Logementsministère ënnerbruecht war – eng eegestänneg Administration des aides au logement. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum huet haut an der Chamber den entspriechende Gesetzprojet rapportéiert.

weiderliesen...

Kompass fir d’Jugendpolitik

Den 9. Mäerz 2026 huet den Educatiouns- a Jugendminister Claude Meisch de véierten nationale Jugendbericht virgestallt. Dëse beliicht d’Liewensrealitéit vu Jonken tëscht 12 an 29 Joer zu Lëtzebuerg a liwwert eng wichteg Grondlag fir eng modern a responsabel Jugendpolitik.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ëm déi nei Hëllef fir Famillje mat niddregem Akommes, d’Ausbezuele vun de Subventions de loyer a villes méi.

weiderliesen...