D’DP trauert ëm d’Mady Schaffner

E Liewen am Zeeche vun der Stad Eechternoach a vum Scoutissem

En Dënschdeg ass d’Iechternacher Éierebuergermeeschtesch Mady Schaffner am Alter vu 86 Joer gestuerwen.

D’Mady Schaffner ass 1934 als Kand vun der Berthe Barblé a vum spéidere Resistenzler, DP-Minister, Deputéierten a Buergermeeschter Robert Schaffner op d’Welt komm. Och hire Grousspapp Mathias Schaffner war Buergermeeschter vun Iechternach.

Der Mady Schaffner hier Kandheet war gepräägt duerch d’Wéien an d’Nowéie vum Krich, mee gläichzäiteg huet si scho fréi hier Passioun erkannt, fir sech fir hier Matmënschen anzesetzen. No der Primärschoul huet si hier Première am Meedercherslycée um Lampertsbierg gemaach an huet dono zu Bréissel an an der Haushaltungsschoul zu Ettelbréck Haushaltungsléierin studéiert. Déi Verstuerwen huet am Ufank vun hirer berufflecher Carrière a verschiddene Primärschoulen ersat an huet du bis 1988 am Iechternacher Enseignement complémentaire geschafft.

D’Mady Schaffner war Mamm vun enger Duechter, huet dräi Enkelkanner an hat och d’Chance hier sechs Urenkele kennen ze léieren.

D’Mady Schaffner war vun 1988 bis 1998 fir d’DP am Gemengerot. 1994 ass si als éischte Fra als Buergermeeschtesch vun Iechternach vereedegt ginn. Si huet véier Joer laang d’Geschécker vun der Abteistad geleet.

Als Buergermeeschtesch huet Mady Schaffner wichteg Projeten ëmgesat oder an d’Wee geleet: Ë.a. d‘Viirarbechte fir de Bau vum Kultur- an Tourismuszentrum am Paatregebei, eng nei Schoulinfrastruktur, d’Renovéierung vum Spidol an d’Schafe vun enger regionaler Industriezon.

D’Mady Schaffner war awer och zäitliewes eng „Lussig Quaichléck“ an de Scouten a Guidë vun der AGGL. Spéider war si an der FNEL engagéiert. Si huet d’Prinzippie vun dësem Jugendmouvement gelieft an och u vill Jonker weiderginn. Hiere sozialen Engagement am Groussen ewéi am Klénge war virbildlech.

Mam Mady Schaffner verléiert Iechternach eng verdéngschtvoll Politikerin an een häerzensgudde Mënsch.

D’DP Eechternoach dréckt der Famill an de Frënn vun der Verstuerwener hiert éierlecht Bäileed aus.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...