Carole Hartmann

De Kampf fir d’Rechter vun de Frae muss weider goen

Léif Nolauschterinnen,

Léif Nolauschterer,

Et mierkt een dacks eréischt, wat een huet, wann et engem ewech geholl gëtt.

Et kann awer och emol virkommen, datt engem Aneren eppes ewechgeholl gëtt, fir datt een sech dem Wäert vun der eegener Situatioun erëm bewosst gëtt.

Esou dierft et Millioune vu Fraen op der ganzer Welt gaange sinn, wéi se héieren hunn, datt den ieweschte Geriichtshaff vun den USA den amerikanesche Fraen d’Recht op Ofdreiwung ewech geholl huet. Respektiv, datt et dovunner ofhänkt a wéi engem US-Bundesstaat, datt si liewen. No engem hallwe Joerhonnert hunn d’Fraen an den USA also prinzipiell d’Recht oferkannt krut, fir iwwert hire Kierper ze bestëmmen. Fir ze decidéieren, ob si et fir richteg halen zu deem Zäitpunkt e Kand op d’Welt ze bréngen oder net.

Déi Decisioun wäert net dofir suergen, datt manner IVGen an Amerika gemaach ginn. Ma déi Fraen, déi net d’Mëttel hunn, fir an e Bundesstaat ze goen, wou Ofdreiwungen erlaabt bleiwen, hunn an Zukunft just de Choix op eng illegal, geféierlech Interventioun, wa si kee Kand wëllen. Et sinn also, wéi esou dacks, déi manner bemëttelt Fraen, déi am meeschten ënnert der Decisioun vum héchsten amerikanesche Geriicht leide mussen.

Net ze schwätze vum Leed an de kierperleche Sequellen, déi bei illegalen Ofdreiwungen op Meedercher a Fraen duerkommen.

Hei am Land hunn d’Regierungen ënnert de liberale Staatsminister Gaston Thorn a besonnesch – 30 Joer dono – ënnert dem Premier Xavier Bettel, dofir gesuergt, datt där Bevormundung vun der Fra en Enn gesat ginn ass.

Mat der Gesetzreform vun 2014 hunn d’Fraen zu Lëtzebuerg endlech dat vollt Recht op hire Kierper zougestane krut.

An der Zäit tëschent deenen DP-gefouerte Regierungen huet d’Fra fir d’éischt mussen een Dokter froen oder huet méi spéit mussen zwou Consultatiounen iwwert sech ergoe loossen. Zanter 2014 huet d’Fra elo d’Recht fir sech beroden ze loossen, awer neméi d’Flicht. Obligatoresch Berodunge sinn also wechgefall.

Mir mussen dofir suergen, datt dat och an Zukunft esou bleift. Dofir war et mir e besonnescht Uleies, fir e leschten Dënschdeg an der Chamber eng Resolutioun anzebréngen, wou schliisslech 56 vun de 60 Deputéierten dofir gestëmmt hunn, datt net um Lëtzebuerger Avortementsgesetz soll gefréckelt ginn.

Et ass schockéierend, wéi séier een haart erkämpfte Recht einfach esou ka gekippt ginn. Et ass awer och de Beweis dofir, dass den Asaz fir d’Recht op Privatsphär an op Selbstbestëmmung – an hei notamment och de Kampf fir d’Rechter vun de Fraen – muss weider goen. Dag fir Dag.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Liewen zu Lëtzebuerg muss bezuelbar bleiwen

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Barbara Agostino iwwer d’Volete Famill a Kannerbetreiung vum Mesurëpak vun der Regierung. D’DP-Deputéiert geet op déi modern a sozial Moossnamen an, déi d’Zukunfsperspektiven zu Lëtzebuerg besser maachen – och an zemol fir déi jonk Generatioun.

weiderliesen...

An d’Zukunft vun de Mënschen investéieren

D’DP-Ministere Claude Meisch a Max Hahn hunn de 6. Januar 2026 e breetgefächerte Mesurëpak presentéiert, mat deem besonnesch Familljen a Kanner iwwer déi nächst Jore geziilt entlaascht ginn. Donieft gi Mënschen, déi et am meeschte brauchen, konkret a wierksam ënnerstëtzt.

weiderliesen...

Paradigmewiessel an der Lutte géint d’Aarmut

An der Tribune Libre vun der DP um Radio hunn eis Deputéiert Mandy Minella a Gilles Baum iwwer den Aktiounsplang fir d’Preventioun an d’Lutte géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg geschwat: Eng Initiativ vun der DP, déi et bis elo net hei am Land gouf, an déi e Paradigmewiessel am Kampf géint d’Aarmut duerstellt.

weiderliesen...

Nohalteg Energie ass absolut noutwendeg

A senger Tribune Libre um Radio schwätzt de Buergermeeschter vu Mäerzeg, Mike Poiré, iwwer d’Noutwendegkeet vun enger konsequenter Klimapolitik, déi d’Land mat nohalteger Energie versuergt. Fir de President vun der DP Norde mussen dofir och d’Effikassitéit vun der Technik an d’Prozedure verbessert ginn.

weiderliesen...