Carole Hartmann

De Kampf fir d’Rechter vun de Frae muss weider goen

Léif Nolauschterinnen,

Léif Nolauschterer,

Et mierkt een dacks eréischt, wat een huet, wann et engem ewech geholl gëtt.

Et kann awer och emol virkommen, datt engem Aneren eppes ewechgeholl gëtt, fir datt een sech dem Wäert vun der eegener Situatioun erëm bewosst gëtt.

Esou dierft et Millioune vu Fraen op der ganzer Welt gaange sinn, wéi se héieren hunn, datt den ieweschte Geriichtshaff vun den USA den amerikanesche Fraen d’Recht op Ofdreiwung ewech geholl huet. Respektiv, datt et dovunner ofhänkt a wéi engem US-Bundesstaat, datt si liewen. No engem hallwe Joerhonnert hunn d’Fraen an den USA also prinzipiell d’Recht oferkannt krut, fir iwwert hire Kierper ze bestëmmen. Fir ze decidéieren, ob si et fir richteg halen zu deem Zäitpunkt e Kand op d’Welt ze bréngen oder net.

Déi Decisioun wäert net dofir suergen, datt manner IVGen an Amerika gemaach ginn. Ma déi Fraen, déi net d’Mëttel hunn, fir an e Bundesstaat ze goen, wou Ofdreiwungen erlaabt bleiwen, hunn an Zukunft just de Choix op eng illegal, geféierlech Interventioun, wa si kee Kand wëllen. Et sinn also, wéi esou dacks, déi manner bemëttelt Fraen, déi am meeschten ënnert der Decisioun vum héchsten amerikanesche Geriicht leide mussen.

Net ze schwätze vum Leed an de kierperleche Sequellen, déi bei illegalen Ofdreiwungen op Meedercher a Fraen duerkommen.

Hei am Land hunn d’Regierungen ënnert de liberale Staatsminister Gaston Thorn a besonnesch – 30 Joer dono – ënnert dem Premier Xavier Bettel, dofir gesuergt, datt där Bevormundung vun der Fra en Enn gesat ginn ass.

Mat der Gesetzreform vun 2014 hunn d’Fraen zu Lëtzebuerg endlech dat vollt Recht op hire Kierper zougestane krut.

An der Zäit tëschent deenen DP-gefouerte Regierungen huet d’Fra fir d’éischt mussen een Dokter froen oder huet méi spéit mussen zwou Consultatiounen iwwert sech ergoe loossen. Zanter 2014 huet d’Fra elo d’Recht fir sech beroden ze loossen, awer neméi d’Flicht. Obligatoresch Berodunge sinn also wechgefall.

Mir mussen dofir suergen, datt dat och an Zukunft esou bleift. Dofir war et mir e besonnescht Uleies, fir e leschten Dënschdeg an der Chamber eng Resolutioun anzebréngen, wou schliisslech 56 vun de 60 Deputéierten dofir gestëmmt hunn, datt net um Lëtzebuerger Avortementsgesetz soll gefréckelt ginn.

Et ass schockéierend, wéi séier een haart erkämpfte Recht einfach esou ka gekippt ginn. Et ass awer och de Beweis dofir, dass den Asaz fir d’Recht op Privatsphär an op Selbstbestëmmung – an hei notamment och de Kampf fir d’Rechter vun de Fraen – muss weider goen. Dag fir Dag.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gratis Maison Relais a Museksunterrecht

D’Crèchen, d’Maisons relaisen, d’Foyers scolaires an d’Dageseltere spillen eng wichteg Roll an der Ëmsetzung vun der Bildungspolitik vum Ressortminister Claude Meisch, fir all Kand déi nämmlecht Start- a Bildungschancen am Liewen ze ginn.

weiderliesen...