André Bauler

D’Lëtzebuerger Kreativwirtschaft weider fërderen

Déi nei Technologie verspriechen interessant Méiglechkeete fir d‘Lëtzebuerger Kreativwirtschaft, mee de Mangel u bezuelbaren Infrastrukturen ass eng grouss Barrière fir d’Entrepreneren.

An deem Kader huet den DP-Deputéierten André Bauler eng erweidert Fro un de Mëttelstandsminister iwwert d’Entwécklung an d‘Zukunftsperspektive vun der Lëtzebuerger Kreativwirtschaft gestallt, déi de 16. Mäerz an der Chamber diskutéiert ginn ass.

„Am Regierungsprogramm hu mir eis fir eng Stäerkung vun der Lëtzebuerger Grënnerkultur engagéiert. Och an Zukunft muss d‘Regierung weiderhin an d‘Kapazitéite vun der Économie Créative investéieren, a besonnesch déi jonk Entrepreneren a Start-uppen ënnerstëtzen“, esou den André Bauler.

A senger éischter Fro wollt den Deputéierte wëssen, wéi vill Aarbechtsplazen an de leschten 3 Joren an dësem Secteur geschaaft gi sinn. Dono huet hie gefrot, a wéi enge Gemengen nach Potenzial géif bestoen, fir nei Plazen an Ateliere fir d‘Kënschtler an d‘Acteure vun der Économie Créative ze schafen. D’Konsequenze vun der Pandemie an d’Previsioune fir d’Zukunft ware weider Themen, déi den Deputéierten ugeschwat huet.

Fakt ass, dass dëse Secteur en enorme Wuesstemspotential huet, deen et gëllt, weider z‘ënnerstëtzen, wat och eng vun de Prioritéite vum Mëttelstandsministère ass. (Lex Delles)

D‘Kreativwirtschaft ëmfaasst den Ament eng 2.200 Entreprisen a beschäftegt 13.000 Leit, esou de Ressortminister Lex Delles a senger Äntwert.

Mat der Grënnung vum „Luxembourg Creative Industries Cluster“ am Januar 2017 ass deen éischte Stee geluecht ginn, fir d’Acteure vun der Kreativwirtschaft mateneen ze vernetzen, hir Zesummenaarbecht ze fërderen an d’Visibilitéit vum ganze Secteur ze stäerken.

Dem Minister no kënnen déi sougenannten creative Hubseng Léisung fir de Problem vun den Infrastrukture sinn. Den Déifferdenger „Hub 1535“ wär den Ament deen eenzegen, staatlech gefërderte Projet vun där Zort, mee et géifen eng Rei privat Acteure ginn, déi änlech „Open Space“-Konzepter ubidden.

Wat d’Konsequenze vun der Pandemie betrëfft, wäre besonnesch d’Beräicher vum „Evenementiel“ a vun de „Performing Arts“ staark betraff. D‘Entreprisen aus dem digitale Beräich wären dogéint besser duerch d’Kris komm.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...