D’Roll vun der NATO an hir Zukunft

D’Chamber-Fraktioun vun der DP hat viru Kuerzem eng Aktualitéitsstonn iwwert d’NATO ugefrot. Eisen aussepolitesche Spriecher Gusty Graas ass dobäi op d’NATO als Verdeedegungsgemeinschaft agaangen, där hir Aufgab et net wier, fir offensiv Kricher ze féieren. Eisen Deputéierten huet an engems d’Spannungen tëschent der NATO a Russland beliicht. D’Annektéierung vun der Krim am Joer 2014, oder och de méi rezente Fall vum Oppositiounspolitiker Alexej Nawalny, géife reegelméisseg fir Problemer an der Kooperatioun tëschent der NATO a Russland suergen. Och déi russesch Memberschaft am Conseil de l’Europe géif déi lescht Joren ëmmer erëm a Fro gestallt.

Méi rezent géifen déi russesch Menace géint d’Ukrain engem Suerge maachen. Eng Eskalatioun, wéi et se zanter 20 Joer net méi ginn hätt. Et wier dofir un der Zäit fir d’Sécherheetsuerdnung an Europa op de Leescht ze huelen. Verschidde Länner aus dem Westen hätte jo scho reagéiert.

D’DP stéing op alle Fall hannert den diplomateschen Efforten, déi elo lafen. Iwwerdeems misst eist Land doriwwer nodenken, fir säin NATO-Bäitrag vu 0,7% vum PIB ze héijen. D’NATO géif den Ament och un engem neie Konzept schaffen, un dem ee sech sollt als Lëtzebuerg bedeelegen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...