D’Verfassung der Realitéit vum 21. Joerhonnert upassen

Interview mam Simone Beissel

D’Lëtzebuerger Verfassung ass aus dem 19. Joerhonnert. Firwat ass eng Constitutioun och am 21. Joerhonnert nach wichteg?

SB: Eng Verfassung ass ganz wichteg fir all parlamentaresch Demokratie, well d’Verfassung bestëmmt déi ganz Organisatioun an de Fonctionnement vum Staat, vun den Institutiounen, de Prinzip vum Rechtsstaat an haaptsächlech de Schutz vun de Bierger.

Zanter 10 Joer gëtt elo un enger neier Reform geschafft. Wou sinn d’Aarbechten den Ament drun?

SB: Et ass wierklech e ganz laange Wee. Eis Constitutioun ass 152 Joer al. Mir hate bis elo op d‘mannst 27 Verfassungsrevisiounen. De Risiko ass, datt den Text dann iergendwann net méi uerdentlech zesummenhält. 2009 ass dunn decidéiert ginn, d’Verfassung ganz op de Leescht ze huelen. Leider ass de Projet no de Walen 2018 vun der CSV gekippt ginn, a mir hunn eis mussen nei zesummesetzen. Zanterhier schaffe mir drun. Mir si 4 Rapporteren a jiddereen huet seng Deeler, em déi e sech bekëmmert. D’Kapitele vun der Justiz, der Staatsform, dem Grand-Duc, der Regierung, der Organisation générale an den Dispositions transitoires si schonn deposéiert. Den Ament schaffen ech un den Droits fondamentaux an un de Libertés publiques. Mir hoffen, datt eis Propositiounen eventuell am Fréijoer fäerdeg sinn.

Wat sinn d’Schwéierpunkte vun dëser Reform?

SB: D’Haaptzil ass et, d’Verfassung der politescher a gesellschaftlecher Realitéit vum 21. Joerhonnert unzepassen. De Grand-Duc huet en eegent Kapitel kritt, an deem seng Attributiounen a säi Statut definéiert sinn. D’Chamber gëtt an hirer Kontrollfunktioun gestäerkt. D’Justiz gëtt doduercher gestäerkt, dass d’Onofhängegkeet vun der Juridiction assise an d‘Verfassung kënnt, an d’Justiz z.B. duerch d‘Aféierung vun engem Conseil National de la Justice moderniséiert gëtt. Schliisslech ginn och d’Texter iwwert d’Mënscherechter ugepasst.

D’Kapitel vun de Rechter a Fräiheete läit an dengen Hänn. Wouropper lees du dobäi besonnesche Wäert?

SB: Bis elo goufen et 22 Grondrechter. 2001 hu mer d’Europäesch Charta vun de Grondrechter kritt, déi ech konnt mat ausschaffen an och déi europäesch Sozialcharta. Do si ganz vill Rechter dobäi komm. D’Rechter vun de Kanner a vun der Recherche oder vum Déiereschutz waren z.B. ni an der Verfassung verankert. Déi hunn awer e wichtege Stellewäert an eiser Gesellschaft a gehéieren dofir an d‘Constitutioun. Mir maachen d’Verfassung fir de Bierger. Deemno ass et mir och wichteg, dass de Schutz vum Bierger an uerdentlech organiséiert Institutioune gutt mateneen ofgestëmmt sinn.

Déi lescht Méint ass ë.a. wéinst der Aféierung vun der ‚Maison du Grand-Duc‘ vill iwwert d’Roll vun eisem Staatschef geschwat ginn. Huet d’Monarchie nach hir Plaz an enger moderner Verfassung?

SB: Ech fannen, dass d‘Monarchie constitutionnelle gutt bei eist Land passt. Eis Monarchie ass historesch gewuess an d’Grande-Duchesse Charlotte an och de Grand-Duc Jean ware schonn e Symbol vun der Unitéit a Fräiheet vu Lëtzebuerg. Dem Grand-Duc säi Rôle gëtt ëmmer méi representativ, mee hien ass nach ëmmer am Exekutiv präsent an extrem disziplinéiert.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...