D’Yuriko Backes gëtt déi éischt Lëtzebuerger Finanzministesch

No der eestëmmeger Entscheedung vun den DP-Gremie wäert de Premier Xavier Bettel dem Grand-Duc d’Yuriko Backes als nei Finanzministesch proposéieren.

D’Yuriko Backes iwwerhëlt domadder d’Nofolleg vum Pierre Gramegna a gëtt déi éischt Fra op dësem Posten zu Lëtzebuerg.

Déi erfueren Diplomatin konnt hir Qualitéiten a Kompetenz schonn op ville Plazen ënner Beweis stellen: Si war ë.a diplomatesch Beroderin vun zwee Staatsministeren a wärend 4 Joer Chef vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg. Zanter 2020 ass si Maréchale de la Cour.

D’Yuriko Backes huet 50 Joer an ass Mamm vun zwee Kanner.

Mir heeschen d’Yuriko häerzlech wëllkomm an der DP-Famill!

DP-Pressekonferenz mam Yuriko Backes

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...