Lydie Polfer

Ëffentlech Sécherheet an der Stad

„Déi éischt Missioun vum Staat a vun de Gemengen ass et, de Bierger hier Sécherheet ze garantéieren. Do hapert et gewalteg, op der Gare an och zu Bouneweg, an dat ass keen neie Phenomen“, esou de Constat vun der Stater Deputée-Maire Lydie Polfer an der Chamber, am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’ëffentlech Sécherheet.   

D’Stater Buergermeeschtesch huet awer verséchert, datt déi Responsabel vun der Gemeng zanter Joren alles maachen, fir datt d’Situatioun sech verbessert. Dat wier awer net esou einfach, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit. Fir nëmmen ee Beispill ze nennen: eleng d’Drogendelikter hätte vun 2018 op 2019 ëm iwwer 70% zougeholl. An do kéimen nach d’Kriminalitéit an aner Delikter dobäi. Do kéint d’Police eleng net fir méi Sécherheetsgefill suergen.

Wann een sech d‘Zuelen am Detail ukuckt, da géif ee verstoen, firwat d’Leit aus dem Garer Quartier a vu Bouneweg net méi stallhalen, esou d’Lydie Polfer. 2019 war eng grouss Versammlung op der Gare mat bal 800 Leit. Si hätten deemools verdäitlecht, datt si es sat hätten, mat der Situatioun virun hirer Hausdier oder bei de Geschäfter. Den deemolege Policeminister François Bausch huet reagéiert an et koumen 30 Leit bäi, dovunner 20 Polizisten, 8 Leit vun der Police judiciaire an zwee Hondsmeeschter. Wärend e puer Méint wier d’Situatioun besser gewiescht, ma dat hättt leider net laang ugehalen. No Gespréicher mat den Acteuren Mëtt 2020 wier séier kloer gewiescht, datt d‘Situatioun nees esou schlëmm war wéi virdrun. Am November war d’Lydie Polfer mam Ressortminister um Terrain a wéisst dofir ganz gutt, wéi d’Bierger an d’Geschäftsleit sech fillen.

„Déi privat Sécherheetsfirma war eise leschten Auswee an elo féiert dat zur Polemik, woubäi mer jo wëssen, datt déi selwecht Situatioun och zu Déifferdeng zum Beispill zanter 2 Joer ass. Och d’Police ass frustréiert, well si kënne leider net zu all Moment iwwerall sinn“, huet d’Buergermeeschtesch an der Chamber bedauert. Si huet weider ënnerstrach, datt zanter Joren och Sécherheetspersonal an de Stater Parken ënnerwee wier.

D’DP ënnerstëtzt d’Initiativ vum Minister Kox, fir d’Effektiver vun der Police opzestocken, mee mir wëssen awer och, datt mir nach e bëssel Zäit brauchen, bis déi Leit um Terrain sinn. Dofir fuerdere mir och, datt d’Aktivitéite vun deene private Sécherheetsfirmen am Gesetz vun 2002 ergänzt ginn, an och datt d’Agents municipaux méi eng grouss Roll an der Ënnerstëtzung vun der Police kënne spillen. Doriwwer eraus soll d’Police méi Interventiounsméiglechkeete kréien, wa Leit Plaze blockéieren. Hei ass et der DP awer och besonnesch wichteg, datt déi passend sozial Mesuren ugepasst ginn.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

An der Tribune Libre um Radio schwätzt d’Jana Degrott iwwer d’Aféierung vun enger europawäiter Behënnertekaart. Fir d’Europakandidatin an DP-Conseillère vu Steesel ass et héich Zäit, datt d’EU de Leit mat enger Behënnerung déi nämmlecht Rechter an all de 27 Memberstaaten accordéiert.

weiderliesen...

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...