Eng Beheënnertekaart fir ganz Europa

Ass een iergendwann ze al, fir nach dierfe matzemaachen an eiser Gesellschaft?

Oder ze krank? Ze blann, ze daf, am Rollstull oder generell einfach ze fill, fir datt d’Gesellschaft sech ëm ee bekëmmert?

Leit mat Behënnerungen hunn ze dacks nëmme Rechter um Pabeier, oder solle sech zefridde gi mat de besteeënde Servicer, och wann déi an der Praxis net esou gutt funktionéieren.  

Statistiken iwwert d’Wuelbefanne vu Leit mat Behënnerungen an Europa sinn alarmant a verlaangen no der néideger politescher Opmierksamkeet.

Ee Véierel vun den Europäer huet eng Behënnerung: op visibel oder net. Vill vun deene Leit sinn am Laf vun hirem Liewen – z.B. duerch eng Verletzung an hirem Beruff oder soss een Evenement – behënnert ginn.

De Punkt ass op all Fall, datt mir e Problem domadder hunn, wéi mir iwwer Leit mat Behënnerunge schwätzen a wat mir fir si maachen.

Dat betrëfft och an zemol Europa.  

Ech denken do notamment un d’European Disability Card, déi um Instanzewee ass.  

Et geet ëm eng Kaart, déi d’Grondrechter fir Leit mat Behënnerungen assuréiert; déi Kaart wäert et erméiglechen, datt d’Leit sech neméi musse justifiéieren an erklären, wat fir en Handicap se hunn. Wou och ëmmer deene Leit Hëllef zousteet, kënne si déi dann och ufroen.

Mir mussen dofir suergen, datt déi Behënnertekaart net just op nationalem ma op europäeschem Niveau gëllt. Also an all de 27-Memberlänner.

Mat der DP-Ekipp ginn ech an d’EU-Wale fir alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger ze vertrieden, net nëmmen déi déi kee Problem mam Accès hunn.

Mir fuerderen dofir eng eenheetlech Unerkennung vum Statut vun de Mënsche mat enger Behënnerung a ganz Europa. Déi europäesche Behënnerte-Kaart wäert net nëmmen den Accès zu Fräizäit, Kultur a Sport erliichteren, ma och den Accès zu administrative Servicer, dem ëffentlechen Transport oder dem Commerce. Ech hunn a mengem Entourage méi wéi eemol erlieft, wat et heescht, wann ee keen Accès huet oder deen Accès mat Problemer verbonnen ass.

Just dofir wëlle mir och eng EU-Agence vun der Barrièrefräiheet, déi d’Ëmsetzung dozou erliichtere géing.

D’DP wëll och deene Leit eng Stëmm ginn, déi net am ëffentleche Fokus stinn. Hei zu Lëtzebuerg, a geschwë mat neiem Elan och am EU-Parlament.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...