Eng Widderhuelung vum Vëlosummer dëst Joer?

Nom Succès vum Vëlosummer 2020 wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vun den zoustännege Ministere wëssen, ob schonn Detailer fir d'Editioun vun dësem Joer gewosst sinn.

« Fir déi héich Nofro un doucer Mobilitéit z’ënnerstëtzen, déi duerch d’Pandemie opkomm ass, gouf d’lescht Joer wärend de Summerméint de sougenannte « Vëlosummer » organiséiert, deen och e grousse Succès hat, quitt dass schlussendlech manner Gemenge matgemaach hunn, wéi geplangt.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Minister fir Tourismus folgend Froe stellen:

– Ass virgesinn d’Initiativ « Vëlosummer » dëst Joer ze widderhuelen ?

– Sinn d’Ministere schonn a Gespréicher mat de Gemengen am Land fir dëst Joer nach méi eng flott Offer de Vëlosfuerer kënnen ze presentéieren ?

– Kënnen d’Häre Ministeren eventuell schonn éischt Detailer vum Vëlosummer 2021 nennen ? Wann net, fir wéini kéint de Projet dem Public virgestallt ginn ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?

Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...

Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?

Frankräich iwwerleet d’Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z’erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d’Antibiotikaresistenz verréngeren.
D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Antibiotiquen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg verschriwwe goufen an ob Doktere méi sensibiliséiert sollte ginn diagnostesch Tester ze verschreiwen.

weiderliesen...