Erhéichten Hautkriibs Risiko – wéi kënne mer eis an Zukunft schützen?

D’Sonn erreecht d’Äerduewerfläch ëmmer méi staark an ëmmer méi laang. Mam Klimawandel kënnt en erhéichte Risiko vun Hautkriibs. D’Mënschen si méi oft dobaussen, och Leit déi vum Beruff aus bausse schaffe sinn ëmmer méi exposéiert. Wéi soll een an Zukunft mat dëser Gefor ëmgoen. Eis Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn nogefrot.

« De Klimawandel an déi klimatesch Verännerungen suergen dofir, dass ëmmer méi UV-Stralung d’Äerdoberfläch erreecht. Duerch den Ëmschwong am Wieder, halen sech och ëmmer méi Leit, méi laang dobaussen op fir vun der Sonn an de waarmen Temperaturen ze profitéieren. Och bestëmmten Aarbechtsgruppen sinn duerch hir Tätegkeet haaptsächlech dobaussen.

Et ass gewosst, dass eng iwwerméisseg UV-Stralung d’Entsteeung vun Hautkriibs ka begënschtegen. Domat gëtt den UV-Schutz ëmmer méi wichteg. Laut engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort am Juni 2022 ginn et all Joer weltwäit 2-3 Millioune Fäll vun Hautkriibs uechtert d’Welt. Hei zu Lëtzebuerg wier et déi meescht verbreeten Zort vu Kriibs. An Europa géifen d’Diagnosen vum Hautkriibs sech all 10 Joer verduebelen.

D’Fondation Cancer huet dëst Joer hir Initiativ vun 2021 widderholl, an op enge sëllege Plazen uechtert d’Land Sonnecrème-Spender opgestallt. Dëst fir nach eemol op d’Problematik an d’Geforen opmierksam ze maachen, déi villen Artikele no, nach ëmmer ënnerschat ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch, dem Här Minister fir sozial Sécherheet an dem Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Fäll vun Hautkriibs goufen et iwwer déi lescht 20 Joer zu Lëtzebuerg? Ass en Trend no uewe festzestellen?
  • Den Artikel 94.3 vum Code de la sécurité sociale beseet : « Peut être reconnue comme maladie professionnelle une maladie non désignée dans le tableau, si l’assuré rapporte la preuve de son origine professionnelle ». Sinn et iwwer déi lescht 10 Joer Fäll ginn, wou Persounen aarbechtsbedéngt un Hautkriibs erkrankt sinn? Falls jo, wéi vill?
  • Wat gëtt gemaach, fir dës Leit virun engem Erkrankungsrisiko ze schützen?
  • Ginn all Erkrankunge vun Hautkriibs hei zu Lëtzebuerg erfaasst ? Falls nee, wisou net?
  • D’Delaie fir en Dermatologe ze gesinn zéien sech oft iwwer Méint. Munch Dokteren huelen och keng Urgence Terminer un. Vu, dass Kriibs am beschten esou fréi wéi méiglech traitéiert gëtt, wéi kann eng schnell Prise en charge vun engem Patient assuréiert ginn?

Ginn et nieft der Initiative vun der Fondation Cancer och eege Pläng vum Gesondheetsministère fir d’Leit an Zukunft iwwer d’Risiken ze informéieren, Präventioun ze leeschten a Mëttel zum Schutz bereet ze stellen? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann de Service um Patient an Zukunft bei Mammographie verbessert ginn?

D’Europäesch Kommissioun huet d’Recommandatioun eraus ginn, Mammographie fir Fraen am Alter tëschent 45 a 74 Joer ze maachen. Den Ament gëtt hei am Land den Depistage bei Fraen eréischt ab 50 Joer gemaach. Oft dauert et och vill ze laang, bis een e Rendezvous-vous fir e Kontroll ka kréien. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Gesondheetsministère nogefrot, ob dat sech an Zukunft wäert änneren.

weiderliesen...

Wéini kënnt eng eenheetlech digital Léisung am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen?

Mat der GesondheetsApp huet den Digital Health Network a Kooperatioun mat der AMMD eng Applikatioun entwéckelt, déi dem Patient et géif erlaben, op digitalem Wee, all seng medezinesch Demarchen ze erleedegen. Trotz engem politeschen Accord, géif dës App awer nëmme bedéngt, an op limitéiert Aart a Weis benotzt ginn? Wisou kënnt des App net zum Asaz, a wéini kommen eenheetlech Léisungen an dësem Dossier? Eis Deputéiert Carole Hartmann, Gilles Baum a Gusty Graas hunn sech renseignéiert.

weiderliesen...