Risque accru de cancer de la peau – comment mieux se protéger à l’avenir ?

Le soleil atteint la surface de la terre toujours plus fort et plus longtemps. Avec le changement climatique, le risque de cancer de la peau augmente également. Les personnes passent plus de temps à l'extérieur, et les personnes qui sont à l'extérieur pour leur travail sont de plus en plus exposées au soleil aussi. Comment devrions-nous contrer ce danger à l'avenir ? Nos députés Claude Lamberty et Carole Hartmann ont interrogé les ministères responsables.

« De Klimawandel an déi klimatesch Verännerungen suergen dofir, dass ëmmer méi UV-Stralung d’Äerdoberfläch erreecht. Duerch den Ëmschwong am Wieder, halen sech och ëmmer méi Leit, méi laang dobaussen op fir vun der Sonn an de waarmen Temperaturen ze profitéieren. Och bestëmmten Aarbechtsgruppen sinn duerch hir Tätegkeet haaptsächlech dobaussen.

Et ass gewosst, dass eng iwwerméisseg UV-Stralung d’Entsteeung vun Hautkriibs ka begënschtegen. Domat gëtt den UV-Schutz ëmmer méi wichteg. Laut engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort am Juni 2022 ginn et all Joer weltwäit 2-3 Millioune Fäll vun Hautkriibs uechtert d’Welt. Hei zu Lëtzebuerg wier et déi meescht verbreeten Zort vu Kriibs. An Europa géifen d’Diagnosen vum Hautkriibs sech all 10 Joer verduebelen.

D’Fondation Cancer huet dëst Joer hir Initiativ vun 2021 widderholl, an op enge sëllege Plazen uechtert d’Land Sonnecrème-Spender opgestallt. Dëst fir nach eemol op d’Problematik an d’Geforen opmierksam ze maachen, déi villen Artikele no, nach ëmmer ënnerschat ginn.

An deem Kader wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch, dem Här Minister fir sozial Sécherheet an dem Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Fäll vun Hautkriibs goufen et iwwer déi lescht 20 Joer zu Lëtzebuerg? Ass en Trend no uewe festzestellen?
  • Den Artikel 94.3 vum Code de la sécurité sociale beseet : « Peut être reconnue comme maladie professionnelle une maladie non désignée dans le tableau, si l’assuré rapporte la preuve de son origine professionnelle ». Sinn et iwwer déi lescht 10 Joer Fäll ginn, wou Persounen aarbechtsbedéngt un Hautkriibs erkrankt sinn? Falls jo, wéi vill?
  • Wat gëtt gemaach, fir dës Leit virun engem Erkrankungsrisiko ze schützen?
  • Ginn all Erkrankunge vun Hautkriibs hei zu Lëtzebuerg erfaasst ? Falls nee, wisou net?
  • D’Delaie fir en Dermatologe ze gesinn zéien sech oft iwwer Méint. Munch Dokteren huelen och keng Urgence Terminer un. Vu, dass Kriibs am beschten esou fréi wéi méiglech traitéiert gëtt, wéi kann eng schnell Prise en charge vun engem Patient assuréiert ginn?

Ginn et nieft der Initiative vun der Fondation Cancer och eege Pläng vum Gesondheetsministère fir d’Leit an Zukunft iwwer d’Risiken ze informéieren, Präventioun ze leeschten a Mëttel zum Schutz bereet ze stellen? »

Réponse

« Wéi vill Fäll vun Hautkriibs goufen et iwwer déi lescht 20 Joer zu Lëtzebuerg? Ass en Trend no uewe festzestellen? »

D’Gesondheetsdirektioun huet keng Zuelen iwwer d’Unzuel vun Hautkriibsfäll an deene leschte 20 Joer. Säit 2013 gëtt all Kriibsaart am Registre National du Cancer (RNC) erfaasst. De leschte Rapport National du Cancer, an dem 66 nei Fäll vu Melanome zu Lëtzebuerg diagnostizéiert goufe, gouf op Basis vun den Zuelen vun 2013 publizéiert[1]. Bezüglech der Tendenz stellt den Registre National du Cancer op Basis vu virleefege Erkenntnisser keng Augmentatioun vun der Unzuel vu neie Fäll pro Joer fest.

« Den Artikel 94.3 vum Code de la sécurité sociale beseet : « Peut être reconnue comme maladie professionnelle une maladie non désignée dans le tableau, si l’assuré rapporte la preuve de son origine professionnelle ». Sinn et iwwer déi lescht 10 Joer Fäll ginn, wou Persounen aarbechtsbedéngt un Hautkriibs erkrankt sinn? Falls jo, wéi vill? »

Der Gesondheetsdirektioun leien keng Informatioune iwwer aarbechtsbedéngte Hautkriibserkrankungen iwwer déi lescht 10 Joer vir. Allerdéngs sinn laut den Rapporten[2] vun der Association Assurance Accident (AAA), d’Zuelen vun aarbechtsbedéngten Krankheete am Zesummenhang mat Hautkriibs folgendermoossen:

« Wat gëtt gemaach, fir dës Leit virun engem Erkrankungsrisiko ze schützen»

Et goufen verschidden ëffentlech Gesondheetscampagnë organiséiert, ënnert anerem am Kader vum Plan National Cancer 2020-2024 [3]. Des Campagnë riichten sech souwuel un den Aarbechtssecteur wéi och un den Grand Public.

Déi jäerlech Informatiounscampagne  déi d’Gesondheetsdirektioun an Zesummenaarbecht mat  der Société Luxembourgeoise de Dermatologie ausschafft, berouen op zwee grouss Pilier’en:

  • De Schutz virun Sonnestralen förderen;
  • Op en fréizäitegen Dépistage  sensibiliséieren.

Zu deene wichtegsten Campagnen, déi op nationalem Niveau duerchgefouert goufen gehéieren:

 « Ginn all Erkrankunge vun Hautkriibs hei zu Lëtzebuerg erfaasst? Falls nee, wisou net? »

Laut dem Artikel 5 vum  Règlement grand-ducal du 18 avril 2013 déterminant les modalités et conditions de fonctionnement du registre national du cancer et modifiant le règlement grand-ducal du 20 juin 1963 rendant obligatoire la déclaration des causes de décès  gëtt all Fall vun Kriibs deen zu Lëtzebuerg behandelt oder diagnostizéiert gëtt vum Registre National du Cancer enregistréiert. An dat souwuel ob de Patient Résident ass oder Non-Résident ass.

Bei Hautkriibsaarten, déi keng Melanome sinn ass et allerdéngs schwiereg all Donnéeën ze erfaassen well déi meescht Fäll ausserhalb vun den Spideeler, also an Privatpraxissen vun Dermatologen behandelt ginn an net all Fall eng histologesch Bestätegung kritt.

« D’Delaie fir en Dermatologe ze gesinn zéien sech oft iwwer Méint. Munch Dokteren huelen och keng Urgence Terminer un. Vu, dass Kriibs am beschten esou fréi wéi méiglech traitéiert gëtt, wéi kann eng schnell Prise en charge vun engem Patient assuréiert ginn»

D’Gesondheetsdirektioun huet keng Informatioune iwwert den Fleegeparcours an Waardezäiten bei den Dermatologen. Allerdéngs ass et méiglech dass  souwuel d’Généralisten wéi och d’Aarbechtsdokteren sech un enger regelméisseger Hautënnersichung vun Risikopatienten bedeelegen. Ausserdem soll een weiderhin d’Gesamtbevëlkerung  iwwer d’Preventioun vun den Risiken duerch Sonnenastralung an UV-Stralung opklären.

 « Ginn et nieft der Initiative vun der Fondation Cancer och eege Pläng vum Gesondheetsministère fir d’Leit an Zukunft iwwer d’Risiken ze informéieren, Präventioun ze leeschten a Mëttel zum Schutz bereet ze stellen? »

Ënnert der Obhut vum Gesondheetsministère leeft zur Zäit den zweeten Plan Cancer deen d’Period 2020-2024 ofdeckt. Een vun den Objektiver ass et, d’Preventioun an d’Versuergung vun den Kriibspatiente ze verbesseren.


[1] Rapport national du cancer 2020, Ministère de la Santé ; pages 39 et 40.

[2] https://aaa.public.lu/de/aaa/Rapport-annuel.html

[3] Plan National Cancer, Säit 77

Souhaitez-vous une traduction en français de cette question parlementaire ?

Partager :

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Plus de questions parlementaires

Une campagne d’information contre les allergies serait-elle utile ?

De plus en plus de personnes développent des allergies aux aliments, aux pollens ou aux acariens. La députée du DP Carole Hartmann a demandé à la ministre compétente comment le nombre de personnes allergiques a évolué au cours des dix dernières années, si une campagne d’information devrait être lancée et quand l’application mobile pollinique annoncée sera disponible pour les personnes concernées.

lire plus...

Combien de fois le congé d’aidant et le congé pour raisons de force majeure ont-ils été utilisés jusqu’à présent ?

Depuis l’année dernière, deux nouveaux congés peuvent être demandés lorsqu’on doit s’occuper de sa famille. Les députées du DP Carole Hartmann et Corinne Cahen ont notamment demandé au Ministre du Travail combien de fois ces congés ont été demandés jusqu’à présent et combien de temps il faut à un employeur pour obtenir l’aide financière prévue de l’État.

lire plus...

Modernisation de la médecine du travail

Notre pays manque de médecins du travail. Le programme de coalition prévoit donc une modernisation de la médecine du travail. Les députés du DP André Bauler et Carole Hartmann ont demandé à la ministre de la Santé combien de médecins du travail travaillent actuellement dans notre pays, quelle est la pyramide des âges de la profession et comment pourrait se présenter la modernisation de la médecine du travail ?

lire plus...